De ganze Schued wier nach net ofzegesinn. Bis elo géifen d‘Schätzunge bei fënnef Milliarde leien. Wéi kann d‘EU do de betraffene Leit ënner d‘Äerm gräifen?
De Christophe Hansen verweist engersäits op den Noutstand-Mechanismus fir weider EU-Bäihëllefen un d‘Baueren auszebezuelen, och wa si keng Recolte géife kréien.
"Mir hunn eng landwirtschaftlech Reserv vu 450 Milliounen d'Joer, mee fir 27 Memberstaaten. Do huet Portugal och schonn d'Demande gemaach fir Zougrëff ze kréien. A mir waarden elo nach op déi final Aschätzunge vun den Degâten, fir do kënnen dann och Suen ze deblockéieren."
Dat eleng géif awer net duergoen.
Am Kader vun der gemeinsamer Agrarpolitik wier ee Vereinfachungspak gemaach ginn, deen et de Memberlänner erlaabt fir bis zu 3 Prozent do ze huelen, fir bei esou Naturkatastrophen ze intervenéieren. An am EU-Solidaritéitsfong wieren och nach 500 Milliounen Euro virgesinn, fir an esou Situatiounen ze hëllefen, esou nach den EU-Agrarkommissär.
Haut um Mëttwoch reest de Christophe Hansen iwwerdeems weider an Andalusien a Spuenien. Déi Regioun gouf och vun de selwechte Stierm getraff.