Hie war gëschter per Video op déi aussergewéinlecher Sëtzung vun den EU-Ausseministeren iwwer de Krich am Noen Oste zougeschalt. Fir d‘Attacke vun der Hamas géif et absolut kéng Justifikatioun ginn. Et dierft een awer déi zivil Populatioun an der Gazasträif net kollektiv dofir responsabel maachen a bestrofen, esou de Lëtzebuerger Ausseminister. Hie betount och, datt déi finanziell an humanitär Hëllef vun der EU fir d‘Palestinenser misst bäibehale ginn. Et dierften awer keng Suen an d‘Hänn vun der Hamas kommen.
Am Interview mat RTL Tëlee gëschter Owend sot hie nach: Den Ament wieren nach eng 65 Lëtzebuerger Residenten an Israel. Et wier een a Kontakt mat hinnen an et géif ee mat der belscher Ambassade zesumme schaffe fir hinnen ze hëllefen. Vill Lëtzebuerger Residenten, déi an Israel waren, wieren och schonn nees heem komm.