search

/ Lëtzebuerg seet Nee zu renforcéierter EU-Kontroll vun de Finanzmäert

EU-FINANZMÄERT

|
headphones

2 min

Lëtzebuerg seet Nee zu renforcéierter EU-Kontroll vun de Finanzmäert

D’Propos vun der EU-Kommissioun, déi europäesch Agence fir d’Kontroll vun de Finanzmäert (ESMA) ze renforcéieren, stéisst op Kritik bei der Lëtzebuerger Regierung.

headphones

2 min

De Lëtzebuerger Finanzministère reagéiert kritesch op d’Propose vun der Europäescher Kommissioun, fir eng renforcéiert Supervisioun vun den europäesche Finanzmäert.

Déi lescht Woch hat Bréissel virgeschloen, der EU-Agence fir d’Surveillance vun de Finanzmäert (ESMA), am Kader vun der Reform vun de Reegele fir d’Kapitalmäert, méi Pouvoir ze ginn.

Lëtzebuerg géif dat net ënnerstëtzen, heescht et an enger gemeinsamer schrëftlecher Stellungnam vum Finanz- a Staatsministère.

Proposéiert Mesurë maache System méi komplex a bürokratesch, sou Lëtzebuerg

D’Regierung stéing hannert dem But, d’Kapital-Maartunioun vun der EU méi effikass a méi kompetitiv ze maachen.

Verschidde vun de proposéierte Mesuren awer géifen net dozou bäidroen, datt Zil ze erreechen.

Si géife par contre dofir suergen, datt de System méi komplex, méi bürokratesch a um legalen Niveau méi onsécher géif ginn, schreift de Finanzministère.

Lëtzebuerg wéilt awer konstruktiv un der Reform vun der Kapital-Maart-Unioun matschaffen.

Déi Reform - dat hat d’EU-Kommissioun déi lescht Woch präziséiert - ziilt virun allem dorop of, datt an et an der EU méi investéiert a manner gespuert gëtt.

Dowéinst misst dofir gesuergt ginn, datt d’Finanzmäert manner staark fragmentéiert sinn, sou de leschte Freideg d’EU-Kommissärin, déi fir d’Finanz-Servicer zoustänneg ass, d’Maria Luis Albuquerque.