Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerg schéckt Hëllef op Mayotte  - François Bayrou stellt Plang vum Neesopbau vir

Nom Passage vum Zyklon Chido

Lëtzebuerg schéckt Hëllef op Mayotte  - François Bayrou stellt Plang vum Neesopbau vir

De Grand-Duché huet um Méindegmoien iwwert de System Emergency.lu a mat Hëllef vum CGDIS Material op Paräis geschéckt, dat op den Insele vu Mayotte soll agesat ginn. 

auto_stories

1 min

© CGDIS
(Foto: CGDIS)

Déi franséisch Inselgrupp ass Mëtt Dezember vun engem schroen Zyklon getraff ginn. Op der Plaz ginn et ëmmer nach Problemer mat der Telekommunikatioun.

Iwwert Emergency.lu sollen elo zwee Satellitte-Kommunikatiounssystemer opgestallt ginn, déi et den Hëllefsorganisatiounen op der Plaz erlaabt, den Internetreseau ze notzen.

Zwee franséisch Techniker, déi vum CGDIS zu Lëtzebuerg ausgebilt goufe, wäerten d’Material op der Plaz asetzen, sou heescht an engem Schreiwes. 

Bayrou: Keng Bidonvillë méi

Nom éischten Dag vu senger Visitt huet de franséische Premier Bayrou eng ganz Lëscht vu Mesurë virgestallt, fir Mayotte no der Zerstéierung duerch den Zyklon Chido nees opzebauen. 

Ee vun den Haaptmessagen ass, datt kéng Bidonvillen, also Haiser aus onstabille Blechstrukturen, méi sollen op Mayotte gebaut ginn.

De Premier huet versprach, datt bis Enn Januar jiddereen op Mayotte nees un e Stroumreseau soll ugeschloss sinn. Hien huet och e Sécherheets-Plang annoncéiert. D‘Arméi a Gendarmerie sollen zesumme schaffen, ënner anerem fir d‘Schoulen ze iwwerwaachen.