Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Popfilter  |  Doechii - Anxiety

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg lancéiert neie LUXEOSys Satellit mat SpaceX

Satellit LUXEOSys

Lëtzebuerg lancéiert neie LUXEOSys Satellit mat SpaceX

Well déi europäesch Raum-Schëff-Firma Ariane-Espace extrem Retarden huet bei der Produktioun vun neie Rakéiten, huet Lëtzebuerg elo decidéiert, deen neie Satellit LUXEOSys mat SpaceX ze lancéieren. Dee Wiessel kascht eppes.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Dee Satellit ass zanter November fäerdeg, an e kéint Enn des Joers dann iwwert Space-X an den Orbit geschoss ginn. Dee Wiessel kascht eppes, preziséiert d’Defenseministerin Yuriko Backes. Et wier der Verteidegungsministerin och wichteg gewiescht, fir d'Chamber sou séier wéi méiglech ze informéieren.

"Mir bleiwen an der Enveloppe budgetaire, déi d'Chamber gestëmmt huet.."

Lauschterenplay_arrow

Déi Gesamt Enveloppe déi an der Chamber gestëmmt gouf, läit mat Indexéierung abegraff bei 382 Milliounen Euro. Déi geplangten Depensë leien eng 36 Milliounen drënner.

Dee Satellit ka 17 Mol den Dag ronderëm d’Welt fléien an op Demande 100 Fotoe mat enger extra héijer Resolutioun pro Dag realiséieren. Genotzt gëtt deen entweder fir militäresch oder fir zivil Zwecker. 

 

live

Live