Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg kritt een AI-Supercomputer

Regierungsdecisioun

Lëtzebuerg kritt een AI-Supercomputer

Am Ministerrot gouf gëschter de Kaf vun engem fir kënschtlech Intelligenz optiméierte Supercomputer an d’Ariichte vun enger AI-Fabrik, déi dozou gehéiert, guttgeheescht.

auto_stories

1 min

Foto: LuxProvide

 Lëtzebuerg soll mam Supercomputer Meluxina-AI, deen 112 Millioune kaschte soll, zu engem vun de Pionéier a Saache kënschtlech Intelligenz an Europa ginn, nieft 6 anere Standuerter wéi zum Beispill Barcelona, Bologna, Stuttgart oder Athen, an an engems d’Transformatioun vun der Ekonomie weider dreiwen. Donieft gouf e Gesetzprojet ugeholl, deen d’Regierung autoriséiert, satellitegestëtzte Kommunikationscapacitéite fir den NATO-Programm „Alliance Ground Surveillance“ unzeschafen. An ënner anerem krut nach e Projet de règlement grand-ducal gréng Luucht, deen d’Prozedur fir d’Sich no neie Sittë fir regional Offalldeponië festleet.