Musek, déi dech duerch den Dag begleet, mat engem Fokus op Lëtzebuerger Museker:innen: Um Opus fënns du klassesch Musek non-stop. Entdeck eis Live-Show an där dech de Lex Kauffmann all Moien ënner der Woch tëschent 9h an 12h mat interessanten Theeme ronderëm déi klassesch Musek begréisst.
Um Sonndeg kanns du e gemittlechen Ament mat der Emissioun Resonanzen verbréngen an ëmmer Méindes, Mëttwochs a Sonndes kanns du Live-Opname vu Concerten aus Lëtzebuerg an aus internationale Concertshaiser héieren.