Déi groussherzoglech Koppel Guillaume a Stéphanie sinn zesumme mat de Ministere Xavier Bettel, Lex Delles a Gilles Roth op Visitt zu Madrid bei der spuenescher Kinnekskoppel.
Ausbau vu Spuer- an Investitiounsunioun ugeduecht
Wat spezifesch d'Finanzwiesen ubelaangt, wiere Spuenien a Lëtzebuerg sech eens, datt een déi sougenannte Spuer- an Investitiouns-Unioun misst weider ausbauen, esou den CSV-Finanzminister Gilles Roth op enger Pressekonferenz am Kader vun der Visitt.
"Dat heescht konkreet, datt mir vill manner Verwaltungsopwand zu Bréissel hunn, datt mir musse stäerken den Zougang zum Kapital, datt mir musse kucken d'Erspuernisser vun de Leit méi spezifesch ze drainéieren an Investissementer, well mir do e groussen Nohuelbedarf hu par rapport zu anere groussen Acteuren an der Welt."
De Grand-Duc huet zu Madrid zesumme mam spuenesche Premier Minister Pedro Sànchez an den zoustännege Ministeren dräi sougenannte Memorandums of Understanding, kuerz MoU, ënnerschriwwen.
Dat an de Beräicher politescht Engagement, Energie a Space Secteur.
Sonn- a Wandenergie aus Länner wéi Spuenien néideg
Den net-bannenden MoU am Beräich Energie géif sech op den Ausbau vum grénge Waasserstoff bezéien, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles zu Madrid. Fir Waasserstoff ze produzéiere bräicht ee Sonn- a Wandenergie.
"Spuenien a Portugal zum Beispill sinn zwee esou Länner. Dofir ass eng Backbone geplangt, déi och scho konkreet an der Ëmsetzung ass. Éischten Tronçon tëschent Barcelona a Marseille, fir do eriwwer ze kommen. Do ass zu Barcelona den Terrain definéiert."
Lëtzebuerg soll an engem weidere Schrëtt dann un dës Pipeline ugeschloss ginn. Wat de Space-Secteur ugeet wéilt Lëtzebuerg a Spuenie gemeinsam a pazifistesch Projeten investéieren. Op Nofro wéi eng Projeten hei envisagéiert ginn, sot den DP-Minister Lex Delles.
"Et geet ëm d'Satellitten, d'Capacitéiten, fir d'Observatioun ze maachen. Et geet awer och ëm d'Punkten: wéi kann een Daten, déi ech aus dem Weltraum kréien, veraarbechten."
Iwwerdeems sollen d’Recherchezenteren ausgebaut an de Space-Secteur méi promovéiert ginn, heescht et nach vum Lex Delles.