Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerg: 4.232 Mënschen an temporäre Flüchtlingsstrukturen

Äntwert op parlamentaresch Fro

Lëtzebuerg: 4.232 Mënschen an temporäre Flüchtlingsstrukturen

An den temporäre Flüchtlings-Strukturen zu Lëtzebuerg ware bis den 30. November am Ganzen 4.232 Leit ënnerbruecht, dat an 30 Gemengen. Déi maximal Capacitéit läit bei ronn 4.650 Better. Dës Zuelen nennt de Finanzminister Gilles Roth an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun Déi Gréng.

auto_stories

1 min

Do derbäi kéimen nach 1.325 Better fir de primo-Accueil vu Flüchtlingen, déi grad am Land ukoumen. Fir si wier nëmmen nach Plaz am Centre de primo-Accueil um Kierchbierg, wou Enn November nach 106 Better fräi waren.

Fir eraus ze fannen, wéi eng Gebaier de Staat an d‘Gemenge kuerzfristeg als zousätzlech Flüchtlings-Strukture kéinten disponibel maachen, géif den Ament eng Analys gemeet ginn, sou nach de Minister.