DP, LSAP an déi gréng stellen zanter 2018 mat 31 Sëtz d’Regierung ënner dem liberale Premier Xavier Bettel. Et ass déi zweet Oplo vun der blo-rout-grénger Koalitioun zanter 2013.
D’Sëtzverdeelung an der Chamber ass aktuell déi hei:
- CSV: 21 Sëtz
- DP: 12 Sëtz
- LSAP: 10 Sëtz
- Déi gréng: 9 Sëtz
- ADR: 3 Sëtz
- déi Lénk: 2 Sëtz
- Piraten: 2 Sëtz
- Liberté-Fräiheet: 1 Sëtz (zanter dem Austrëtt vum Roy Reding aus der ADR am Juni 2023)
Wien trëtt 2023 un?
An de véier Walbezierker trieden am Ganze 649 Kandidaten a Kandidatinnen un, just 43 Prozent dovunner si Fraen.
Jee no Bezierk trieden ënnerschiddlech vill Parteien un: 10 am Zentrum an Norden, 11 am Osten, an 12 am Süden.
Néng Parteien trieden an alle véier Walbezierker un. Dat ass nieft den aacht Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, nach Fokus.
Volt a KPL hu Lëschten am Zentrum, Süden an Osten. Déi Konservativ triede just am Süden an am Norden un.
Wat sinn d’Prognosen?
Dem leschte Sonndesfro-Sondage vu September no kéint déi aktuell Koalitioun hir Majoritéit halen. Aner Dräierbündnisser an och Zweeër-Koalitioune mat der CSV si méiglech.
Eng Prognos ass op Basis vun esou Ëmfroen awer net méiglech: 2018 goufen et gréisser Ënnerscheeder tëschent de Walresultater an der leschter Sonndesfro vu virun de Walen.
Wärend der Walcampagne wollt keng vun de véier grousse Parteien eng Koalitiounsausso maachen.
Kloer ausgeschloss hunn déi meescht Parteien awer eng Koalitioun mat der ADR, déi sech um ganz rietse Bord positionéiert.
Eise Bilan vun der Walcampagne kënnt Dir hei noliesen.
Wie wëllt Premier ginn?
Véier Parteien hunn am Walkampf den Usproch erhuewe fir an enger nächster Regierung de Premier ze stellen.
Den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden (60 Joer, Affekot): viru sengem politesche Comeback war de Luc Frieden zéng Joer am Bankesecteur aktiv, an zanter 2019 President vun der Handelskammer. Tëschent 1998 an 2013 hat hien als Minister ënner anerem d’Ressorte Finanzen a Justiz. Als Vertrieder vum wirtschaftsliberale Fligel vun der CSV huet hie sech am Walkampf fir Steierbaissen a méi Kafkraaft ausgeschwat.
Den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel (50 Joer, Affekot): den amtéierende Premier ass elo zéng Joer am Amt, virdru war hien Deputéierten a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. De Xavier Bettel vertrëtt op gesellschafts- a wirtschaftspolitesche Froen eng sozial-liberal Linn. Am Walkampf huet hie fir eng virsiichteg Budgetspolitik an eng Wunnengsbauoffensiv plaidéiert.
D’LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert (55 Joer, Juristin): déi fréier Riichterin an héich Beamtin ass eng politesch Quereinsteigerin. Si ass 2018 Kooperatiounsministerin ginn, an zwee Joer drop nom Départ vum Etienne Schneider aus der Regierung huet si de Gesondheetsministère iwwerholl. Wärend der Pandemie huet si domat eng wichteg Roll gespillt. Am Walkampf huet si sech fir eng Aarbechtszäitreduktioun an eng Steierreform ausgeschwat.
Déi gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson (46 Joer, Affekotin): d’Justiz- a Kulturministerin ass zanter 2018 an der Regierung. Virdru war d’Sam Tanson ënner anerem Stater Schäffin an tëschent 2015 an 2018 Member am Staatsrot. Am Walkampf huet si sech fir méi Klimaschutz an ëffentleche Wunnengsbau ausgeschwat.
Wie sinn d’Wieler:innen?
283.879 Leit sinn op dësem 8. Oktober walberechtegt. Just 53 Prozent vun den erwuessene Residente kënnen un de Chamberwalen deelhuelen. 2018 louch deen Undeel bei 57 Prozent.
Iwwer déi sozio-ekonomesch Zesummesetzung vun de Wieler:innen huet de Statec keng aktuell Donnéeë publizéiert. Déi lescht disponibel Analys baséiert um Recensement vun 2011. Deemno waren 51 Prozent vun de Wieler:inne Salariéen am Privatsecteur, 36 Prozent hu fir de Staat oder d’Gemenge geschafft, an déi Pensionéiert hunn 21 Prozent ausgemaach. Am Zentrum war den Undeel vun héich qualifizéierte “Cols blancs” am héchsten (57 %) an am Norden am niddregsten (39 %).
Nei Wieler:innen: Fir eng 25.000 Jonker sinn et déi éischt Chamberwalen un deene si kënnen deelhuelen. Mat ronn néng Prozent läit den Undeel vu jonken Éischtwieler:innen um Walvollek d'selwecht héich wéi 2018. Zu den neie Wieler:inne gehéieren och bal 29.000 Leit, déi zanter 2018 déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn.
Auslands-Vott spillt keng Roll: Ganz geréng ass d’Participatioun vun den iwwer 130.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen. Si hunn d’Nationalitéit dacks iwwer de Recouvrement krut, well ee vun hire Virfare Lëtzebuerger war. Dës Wieler:inne sinn net automatesch walberechtegt, mee musse sech aschreiwen. Dat hunn dës Kéier ronn 800 Leit gemaach, liicht manner wéi 2018.
Fréi a spéit Entscheedungen: 25 Prozent - also all véierte Walberechtegten, huet d’Bréifwal ugefrot, een neie Rekord. Eng 70.000 Leit musse sech deemno haut net an de Walbüro deplacéieren a konnten hir Stëmme schonn éischter ofginn. Bis ufanks der Woch haten 30.000 Leit, also iwwer zéng Prozent vun der Wielerschaft, hire Walziedel schonn ageschéckt. Enger wëssenschaftlecher Analys vun der Uni Lëtzebuerg no hu sech 2018 bal 20 Prozent vun de Wieler:innen eréischt déi lescht Woch vun de Walen entscheet, wie si géife wielen.