search

/ "Les naufragés": E Buch iwwer den dagdeeglechen Risk vun de Frontalieren, ënnerzegoen

Aarbechtswelt

|
reading time

3 min

"Les naufragés": E Buch iwwer den dagdeeglechen Risk vun de Frontalieren, ënnerzegoen

Selwer jorelaang Frontalier, huet de Pierre Théobald, fréiere Journalist bei Paperjam, säin Job zu Lëtzebuerg gekënnegt. Fir seng Gesondheet, wéi hien am 100,7-Interview erkläert. Doriwwer huet hien elo eng Bande dessinée erausbruecht.

reading time

3 min

Extrait aus dem Buch "Les naufragés"
Extrait aus dem Buch "Les naufragés"

Eng Stonn moies, eng Stonn owes - op d'mannst esou laang souz de Pierre Théobald am Zuch. Zum Gléck, wéi hie seet, ass hien ëmmer schonn zu Metz an de Zuch geklommen, an hat domat d'Chance iwwerhaapt eng Sëtzplaz ze kréien. 

"Les choses se compliquent d'arrêt en arrêt. Lorsque vous arrivez à Thionville, où il monte quand même un nombre spectaculaire de frontaliers, là c'est quasiment une guerre ouverte en fait sur les quais. Non pas pour espérer avoir une place assise, car là les places assises sont déjà quasiment toutes prises, mais bien souvent c'est pour espérer monter tout court." 

Derbäi kënnt, datt dacks en Zuch ausfällt - also mussen d'Passagéier aus zwee Zich, sech an een drécken. 

"Une fois que vous êtes à bord, c'est là que l'épreuve physique peut commencer. Parce que vous voyagez dans de très mauvaises conditions et votre journée de travail n'a même pas commencé que vous avez déjà entamé votre capital physique." 

D'Situatioun vun de Frontalieren hätt sech iwwerdeems an deene leschte Jore verschlechtert. Wärend d'Unzuel u Frontaliere geklomme wier, wier d'Unzuel un Zich stabel bliwwen.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Pierre Théobald