Am Oktober 2024 huet de Bariton Sänger Christian Immler zesumme mat der Deutsche Radiophilharmonie ee Concert an der Kongresshalle zu Saarbrécken gehalen.
Interpretéiert goufen "d'Frühlings-Sinfonie" an och d'Schumannliebe, e musikaleschen Hommage un de Schumann, geschriwwen an och dirigéiert op dësem Concert vum Jörg Widmann. Hien ass passionéierte Schumann-Connaisseur a ganz verdéift an dëse Repertoire.
Huelt Plaz an eisem 100,7 Concertssall a sidd dobäi bäi dësem flotte Programm. Mat Commentaire vum Lex Kauffmann.
Programm:
- Jörg Widmann: Schumannliebe
- Robert Schumann (1810-1856): "Frühlings-Sinfonie" op. 38
Interpreten:
- Christian Immler, Bariton
- Deutsche Radio Philharmonie
- Jörg Widmann, Direktioun