Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat fir Gesetzer gëllen am Weltraum?

Weltall-Aktivitéiten

Wat fir Gesetzer gëllen am Weltraum?

D‘Weltall-Aktivitéiten huele rasant zou. Mee d'Weltall-Gesetzer sinn nach zimmlech onkloer. Bei den Efforte fir Weltall-Aktivitéite gesetzlech ze encadréieren, ass Lëtzebuerg e Virreider.

auto_stories

4 min

play_arrow
De 15. Mee gouf et op der Uni Lëtzebuerg eng Konferenz iwwer Weltraum-Gesetzer. (Foto: Uni-lu)

D'Uni Lëtzebuerg hat rezent eng international Konferenz iwwer "Space Law", also d'Gesetzer am Weltraum, organiséiert. 

D‘Konferenz war vum Luxembourg Centre fir European Law vun der Uni Lëtzebuerg organiséiert, zesumme mat der Satelittefirma SES. Iwwer 20 Experten an Expertinnen hunn do Virträg gehalen iwwert deen onendlech komplexe Sujet vum Weltall, an de Gesetzer, déi et gëtt, oder déi et misst ginn, fir déi nei „Space Race“ a Grenzen ze halen, a Konflikter ze verhënneren. 

Eng Zort "Code de la Route" fir de Weltraum

Well haut ëmmer méi privat Acteuren am Weltall aktiv sinn, wier et wichteg, kloer Gesetzer ze hunn, seet d'Doktesch Tanja Masson-Zwaan, vun der Uni vu Leiden. Zum Beispill bräicht een eng Zort „Code de la Route“ fir de Weltall.

"Parce que l‘espace devient de plus en plus plein, et donc on a besoin de savoir, qui a la priorité, s‘il y a une collision qui arrive."

Zum Gléck ass de Weltall haut kee „Wëlle Westen“ méi, an et gëtt eng ganz Partie Gesetzer, sou d‘Mahulena Hofmann, Professorin um SES Léierstull fir Weltraum- Satellittekommunikatiouns- a Medierecht op der Uni Lëtzebuerg. Eng wichteg Reegel wier et zum Beispill, datt de Weltall zum Deel demilitariséiert wier. Dat heescht, et dierfe keng nuklear Waffe placéiert ginn. 

Konventionell Waffen si par konter erlaabt, allerdéngs nëmmen als Verdeedegung. An och am Weltall sinn nach ëmmer déi international Grondrechter ze beuechten, betount nach Tanja Masson-Zwaan.

"Parce qu‘il y a un article dans le Traité de l‘espace qui dit que, le droit international, y compris la charte de l‘ONU, s‘appliquent aux activités spatiales. Et donc, il y a quand même un cadre. Si un jour on aurait une guerre dans l‘espace, il y aurait les conventions de Genève qui s‘appliqueraient, par exemple."

De Space Treaty vun 1967 leet déi grouss Prinzippie fest

Am Traité de l‘espace, dem Space Treaty, ware 1967 déi grouss Prinzippie festgeluecht ginn. Zum Beispill, datt de Weltall, an den Notzen, deen een aus doraus zéie kéint, der Mënschheet ze Gutt soll kommen. Mee 2015 hunn d‘USA an 2017 huet Lëtzebuerg, eege Gesetzer annoncéiert, déi d‘Exploitatioun an d’Kommerzialiséierung vu Weltall-Ressourcen erlaben. D‘Space Resources Gesetz, dat ënnert dem Impuls vum deemolegen LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider ausgeschafft gouf, war e grousse Schrëtt fir dat kléngt Lëtzebuerg. Mee et huet och fir vill Kritik gesuergt, seet d‘Tanja Masson-Zwaan. Eng Rei Member-Staate vun der UNO waren der Meenung, datt een net interpretéiere kéint, wat am Traité steet. Dat kéint nëmmen op globalem Niveau geschéien.

Ënnerschiddlech Interpretatiounen

An Tëschenzäit hunn och nach d‘arabesch Emirater a Japan hir eege Gesetzer. Bei der UNO gëtt et elo en Aarbechtsgrupp, an deem sämtlech Länner, och Lëtzebuerg, op eng méi global Gesetzgebung fir d‘Space Ressources hischaffen. Den ekonomesche Retour vun der Lëtzebuerger Space Resources Initiativ hätt sech awer och haut nach net materialiséiert, seet de Marc Serres, Direkter vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence.

"Et ass kloer, datt déi nach net eng Retombée économique huet. Do sinn nach vill Entwécklungen, déi néideg sinn."

An awer sinn haut ronn 80 Entreprisen am Beräich Weltall zu Lëtzebuerg aktiv, dovun 10 bis 15 Prozent am Beräich Weltall-Ressourcen. An, wann alles riicht geet, wäert Lëtzebuerg dëst Joer och um Mound landen. Oder besser gesot, ee Rover vun der japanescher ispace Missioun soll um Mount landen:

Dat wier eng Première fir Lëtzebuerg, well et dann Equipement, dat zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf, um Mount géif ginn.

Kooperatioun tëschent de Länner wichteg

Am Weltall kéint praktesch kee Land alles elleng maachen. Dat wier ze deier an ze komplizéiert. Der Tanja Masson-Zwaan no wier d'Kooperatioun dowéinst néideg.

"Et donc le jour où on a une base sur la lune, on a l‘exemple de la station internationale spatiale, qui est une coopération entre 15 pays. Il y a un traité, où les pays ont mis les règles pour cette coopération."

A wa räich Space-Entrepreneuren, wéi den amerikanesche Multi-Milliardär Elon Musk, net wéilte kooperéieren, da wier dat eng Gefor. Ouni den Accord vun der Regierung kéint een do awer näischt maachen.

 

Lauschterenplay_arrow