search

/ Laurent Zeimet gëtt Récktrëtt als Beetebuerger Buergermeeschter bekannt

Lokal

|
headphones

1 min

Laurent Zeimet gëtt Récktrëtt als Beetebuerger Buergermeeschter bekannt

De Kolleege vun der nationaler Press no huet de Laurent Zeimet haut um Méindeg um Neijooschpatt vun der Gemeng säi Récktrëtt als Buergermeeschter vu Beetbuerg bekannt ginn.

headphones

1 min

Laurent Zeimet (CSV) | © Morgane Weidig
Laurent Zeimet (CSV) (Foto: Morgane Weidig)

De Laurent Zeimet ass nom Wiessel vum Marc Spautz an d'Regierung Fraktiounschef vun de Chrëschtlech-Sozialen an der Chamber ginn. Den aktuellen CSV-Schäffe Jean-Marie Jans soll Buergermeeschter ginn, den CSV-Conseiller Alain Gillet soll dofir Schäffe ginn.