D’Laurence Duhr seet datt d’Liewen si op hirem Wee guidéiert huet. Et koum awer dunn den Ament wou, et kéint bal mengen, der Laurence Duhr hir Kandheet se nees erëm kritt huet. An Erënnerunge koumen hir an de Kapp.
"Ech hunn deemools schonn, wou ech zu Lëtzebuerg war, huet den Här Steffgen, en Dozent an der “Arbeits- und Organisationpsychologie” mech ëmmer gefrot: Laurence wëlls de net Wäi maachen, verkaf Wäin, Wäin, Wäin. Ech war awer esou anti an hu gesot: Nee. “
"Mir huet de ganze Kreeslaf gefeelt"
Um Enn vum Studium huet si awer Gefill kritt datt se déi falsch Kräizung géif huelen a se huet gemierkt datt hir dee ganze Kreeslaf an d’Natur gefeelt huet, op alle Fall huet eppes gefeelt, d’Erënnerungen un d’Kandheet waren nees present.
“Dat kann een op alle Fall sou soen, datt se mech do ageholl huet oder ech mech u Saachen erënnert wéi d’Liewen zur där Zäit war, well ech mech esou komesch gefillt hu mat der Psycho, och wann ech gutt dra war. Mee et huet eppes gefeelt, vläicht meng Wuerzelen.”
An d’Laurence Duhr huet e Wäibau-Studium mat um Enn engem Bachelor of Science dru gehaangen.
D’Faszinatioun "Klinik-Clown"
D’Laurence Duhr ass e Mënsch deem säi Liewe vu vill Diversitéit markéiert ass, wou si awer hir Matmënschen ni vergësst. An dat weist och hir Formatioun Clownpedagogin, mam Thema vun hirer Diplomaarbecht op e Clown e positiven Effekt fir kriibskrank Kanner mee och fir d’ganz Klinik kann hunn.
“Et ass einfach eng Passioun vu mer. Wou et hir kënnt weess ech net. Et ass einfach mäin Häerz wat opgeet wann ech déi Aarbecht maachen däerf.”
D’Laurence an d’Kandirella
Der Laurence Duhr hire Clownpersonnage heescht Kandirella an do ass et wichteg, datt alles wat ee mécht, dat muss vum ganzen Häerze kommen. E Clown ass net verkleet, well just e schlechte Clown ass verkleet. Wichteg ass ze kucke wat ass an engem dran, an do gehéiert d’Kleedung och dozou.
Wéi vill Laurence Duhr ass dann elo am Kandirella dran an ëmgedréint.
“Ech géif soen, datt ech d’Kandirella ëmmer méi integréieren, well et mäi Liewe méi einfach mécht, wéi wann ech elo just d’Laurence sinn. Do sinn ech éierlech. Prozenter weess ech elo net, mee d’Kandirella kritt ëmmer méi e grousse Part am Laurence.”