Radioen

On air

9 bis 1  |  natur musée

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Laura Thorn: Den LSC gëtt eng vu menge ville Facetten

Countdown fir Basel: Wie sinn d'LSC-Finalisten

Laura Thorn: Den LSC gëtt eng vu menge ville Facetten

Weider geet et mat eiser Serie, an där mir Iech déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest presentéieren, mat der Laura Thorn. 24 Joer jonk a grad eréischt eng nei Plaz am Escher Conservatoire als Gesangs- a Solfège-Proff ugefaangen. Elo ass si prett fir dësen Engagement mat vue op den Eurovision Song Contest zu Basel anzegoen.

auto_stories

3 min

De Song, mat deem si um LSC optriede wäert, gëtt, wéi bei allen anere Kandidaten och, eréischt Mëtt Dezember publizéiert. Mee d'Laura Thorn konnt am Interview awer scho verroden, datt de Song e bëssen inspiréiert ass un engem Lidd, mat deem Lëtzebuerg schonn eemol den ESC gewonnen huet. Dësen neie Song wier vu Professionelle vu Paräis geschriwwe ginn, an e wier u sech guer net dee Genre u Musek, deen d'Laura Thorn soss esou sengt.

Suergen doriwwer, datt si sech als Sängerin elo un deen neie Stil e bëssen upasse muss, huet si awer net. D'Laura Thorn gesäit dat als eng komplett getrennte Saach.

“Dat ass elo eigentlech e bëssen esou, wéi wann eng zweet Versioun vu mir dat maache géif, an ech mengen ech kéint no där ganzer Erfarung ganz normal erëm bei dat aalt Mech erëmkommen. Also ech huelen déi dräi Méint einfach als Erfarung, an ech wäert do och wierklech kënnen esou vill draus léieren. Mee voilà, ech mengen net, dass dat mech elo als Persoun ännere géif."

Si géif sech, d'Lidd an den LSC an eent gesinn, ouni datt dat eppes mat hir als Proff oder hiren anere Concerten ze dinn hätt. Si wëllt och net, datt just dat Lidd si definéiert. Dat wier eng vun hire ville Facetten. 

Fir méi iwwer hir Ambitiounen erauszefannen huet d’Laura Thorn, wéi all déi aner Finaliste vum Luxembourg Song Contest och, misse follgend 4 Sätz komplettéieren.

100,7-Freundebuch

"Den LSC bedeit fir mech ...

Liewenserfarung. Also dat ass wierklech dat Wuert, wat ech géing do drop setzen. Dat ass esou eppes, un dat ee sech ëmmer wäert zeréckerënneren. A voilà, fir mech ass dat einfach elo eng riseg grouss Erfarung, vun där ech profitéiere wëll."

"Mat Lëtzebuerg verbannen ech ...

Doheem. Also ech sinn hei gebuer, ech sinn hei mäi Liewe laang an d'Schoul gaangen, ech hu mäi Liewe laang hei gewunnt, ech wunnen elo erëm hei no mengem Studium. Lëtzebuerg ass einfach meng Heemecht. Dofir d'Wuert Doheem."

"Mäi Song fir den ESC zeechent sech aus duerch ...

Originalitéit, géing ech soen. Wéi gesot, et ass jo dee klenge Clin d’oeil un dat Lidd, wat virun e puer Joer gewonnen huet. An ech mengen, dat ass et esou vläicht nach ni ginn. Op alle Fall hunn ech elo kee konkreet Lidd am Kapp. Dofir géing ech soen: Originalitéit."

"Mäi Liblings-Eurovisiounslidd ass ...

Voilà vum Barbara Pravi, géing ech soen. Ech mengen dat, dat ass e bëssen dat Lidd vun der Eurovisioun, wat grad jidderee lauschtert. Ech muss och soen, dass bal all meng Gesangsschüler dat mëttlerweil sangen. Voilà, vum Barbara Pravi dräimol den Dag. Ech fannen dat ass e mega schéint Lidd."