Beim stiermesche Wierder de Weekend hu sech et vill Leit bestëmmt doheem gemittlech gemaach a mol net dru geduecht, e Fouss virun d’Dier ze setzen. Net awer eng 250 Leeferinnen a Leefer, déi de Weekend zu Käerch duerch de Bësch gelaf sinn, dat an der Nuecht bis an déi fréi Moiesstonnen eran an doriwwer eraus.
Do huet nämlech speziell Lafcourse stattfonnt: Den éischte Backyard Trail hei am Land.
6,7 Kilometer laang duerch de Bësch an de Bulli
Depart war e Samschdeg um 14:00 Auer zu Käerch. Lafe konnt een entweeder am Duo oder Trio, oder awer och eleng. Fir verschiddener heescht et deemno, 24 Stonne laang lafen.
Organiséiert gëtt d’Course vum Alain Scheuer, deen och de Lafclub Black Cat Runners gegrënnt huet.
“Et leeft een all Stonn een Tour vu 6,7 Kilometer. An dee muss ee bannent enger Stonn packen, well soss ass ee raus.”
Wat een den Tour also méi séier leeft, wat een och méi Zäit huet fir sech ze erhuelen oder eppes ze iessen. Bei de meeschte Backyard Trails gëtt dat esou laang gemaach, bis just nach ee Leefer iwwereg ass. Hei zu Käerch ass d’Course awer op 26 Tier limitéiert.
“Mir fänken um 14:00 Auer un, a mir halen net um 14:00 op, mee mir lafen um 14:00 och nach. Dat war e bësse schlecht iwwerluecht. Mee bon, et ass e klenge Witz”
Dobäi kënnt, datt an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg och nach d’Auer zeréckgestallt gouf. Esou kënnt een op 26 Tier.
Eng Disziplin, déi ëmmer méi populär gëtt – och zu Lëtzebuerg
Den Numm Backyard, also iwwersat Gaart, kënnt net vun ongeféier: Déi éischt Course an deem Genre ass 2011 vum US-Amerikaner Gary, genannt "Lazarus Lake" Cantrell, an d’Liewe geruff ginn. Gelaf gouf ... doheem a sengem Gaart.
Zënterhier sinn d’Backyard-Courssen an hirer Popularitéit immens geklommen, virun allem an de leschte puer Joer. Och zu Lëtzebuerg, erkläert den Alain Scheuer.
“Also ech mengen, 2026 huet een e mega Sprong gemaach mat ganz villen neie Leefer a Leeferinnen. Ech hu scho selwer hunn ech der zwee Stéck organiséiert jeeweils vun 12 Stonne mat de Black Cat Runners. An dat ass mega gutt ukomm an du ware schonn iwwer 50 Leit déi scho fräiwëlleg matgemaach hunn an do hunn ech geduecht: Mëss de eppes méi Grousses.”
Duerch Social Media bekannt ginn
Ee Grond fir d’Popularitéit ass och Social Media. Esou ass zum Beispill déi däitsch Course Last Soul Ultra immens bekannt ginn, wou ënner anerem de Lëtzebuerger Fitness-Influencer Bob Scholtes drun deelgeholl huet. Och hie stoung zu Käerch um Depart.
“Et ass en Niesche-Sport zwar nach, mee dee kënnt an duerch Leit wéi de Kim Gottwald oder esou wiisst de Sport enorm.”
Kim Gottwald: Dat ass den Numm vum däitschen Ultraleefer, deen de Last Soul Ultra organiséiert.
Fir vill Leefer war d’Course zu Käerch awer elo eng Première.
“Ech lafe scho Semie säit ëmmer a sinn och schonn ëm déi 33 Kilometer gelaf mat enger gudder Pace an ech hat elo mol Loscht op eppes Neies.”
“Ech hat dat doten elo eng Kéier am Juli probéiert. Do sinn et 8 Ronne ginn. Dat war op engem Freidegowend. Elo si mir op engem ausgeschlofene Samschdegmëtteg. Dat heescht, dat geet definitiv doriwwer eraus."
"Backyard ass och geféierlech", warnt den Organisateur
Fir vill Leefer ass nieft dem Sportlechen awer och déi mental Erausfuerderung de Reiz.
“Et ass een hei fir sech selwer ze Challengen. Och mental nei Limits sichen ze goen.”
“Wann een et gären huet, u seng Limitten ze kommen, dann ass et perfekt. Also et ass bëssen dat: Iwwer sech erauszesprangen, iwwer seng eege Grenzen erauszesprangen a kucken, wat klappt.”
Den Alain Scheuer warnt awer och virun ze vill Éiergäiz: Et dierft een dat Ganzt net op déi liicht Schëller huelen.
“Backyard ass alles cool an esou mee et ass och geféierlech. Also, dat soll een net esou ënnerschätzen. Do muss ee laang dofir trainéieren.”
Fir d’Sécherheet um Parcours ass awer gesuergt: Alles ass ofgespaart an op 6 Plazen huet d’Ambulanz Accès.
Net just d'Leefer mussen duerhalen
Mee fir datt et net esouwäit kënnt suergen och eng helle Wull u Leit, déi hir Leefer ënnerstëtzen. Bis zu dräi Persounen dierf all Leefer a sengem “Support-Team” hunn, deenen hir Aufgabe variéieren, wéi ee vun de villen Team-Memberen erkläert.
“D’Gedrénks nofëllen, Kleeder prett hunn, moralesche Support mengen ech virun allem. Mee soss, kucken dass d’Zelt waarm ass, wann e rakënnt. Heiansdo vläit och d’Wuede bëssen heemele wa se bis haart ginn.”
Firwat huet Lëtzebuerg nach keng Nationalekipp?
Leschte Weekend huet och d’Ekippe-WM am Backyard-Ultra stattfonnt. An all Land, dat matgemaach huet, ass also eng Backyard-Course gelaf ginn. Gewonnen hunn d'USA virun Australien an der Belsch.
Datt Lëtzebuerg nach keng Nationalekipp huet läit dem Alain Scheuer no dorun, datt d’Leefer net bei der FLA, also dem Liichtathletikverband, lizenzéiert sinn.
“Ech denken, datt dat awer an Zukunft vläit Potential huet, fir eng Kéier een Team opzestellen. Ech mengen, gutt Leeferinnen a Leefer hu mir hei zu Lëtzebuerg.”
A wärend d’Leeferinnen a Leefer zu Käerch hiren éischten Tour an Ugrëff geholl hunn, wollt den Alain Scheuer sech nach net festleeën, ob et d’nächst Joer och eng zweet Editioun wäert ginn.
“Hmmm ech weess dat nach net. Et ass vill Aarbecht.”
Um Enn hunn aacht Ekippen a véier eenzel Leefer bis zum Schluss duerchgehalen. An der Solo-Kategorie konnt sech den Arthur Jongen als Gewënner duerchsetzen.