La voix des survivant(e)s huet am Oktober zejoert eng Petitioun eragereecht, fir den Affer vu Gewalt e bessere Schutz ze bidden an de legale Kader fir Strofdoten ze reforméieren. Am Januar huet d’Petitioun méi wéi déi néideg Ënnerschrëften erreecht. Déi Petitioun soll deemno an enger ëffentlecher Sëtzung an der Chamber debattéiert ginn.
"Dës Kéier net ouni eis"
Mee scho virdru wollt d’Organisatioun der Chamber hir Virschléi ënnerbreeden, well fir d’Ana Pinto Presidentin vu La voix des survivant(e)s huet dëse Sujet Prioritéit.
Elo scho wier een am Gaangen, d‘Gesetzer unzepassen. Dat awer ouni d‘Affer ze consultéieren, kritiséiert d‘Ana Pinto. „Dës Kéier net ouni eis“, seet si.
Ee vun de wichtegste Punkte fir d’Ana Pinto ass d’Gesetz vun 2018. Dat definéiert, datt en Täter bei deem éischten Delikt just mat Sursis bestrooft gëtt.
"Ob een do e Kilo Grompere klaue geet oder ob een eng Persoun vergewaltegt. Do gëtt keen Ënnerscheed gemaach, just datt een eeben e bësse méi oder e bësse manner Sursis kritt."
52 Propose fir e Gesetzesprojet
D’Organisatioun fuerdert weider, datt déi psychologesch Gewalt als Strofdotbestand zu Lëtzebuerg unerkannt soll ginn. An anere Länner wier dat schonn de Fall, esou d’Ana Pinto. Iwwerdeems sollt en Tribunal specialisé agefouert ginn, dee sech nëmme mat Strofdote wéi haislecher Gewalt oder sexueller Gewalt sollt befaassen.
Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung festgehalen, datt si op Präventioun vu geschlechtsspezifescher Gewalt an op d’Sensibiliséierung wéilt setzen. An der Propos fir e Gesetzesprojet huet d’Organisatioun La voix des survivant(e)s 52 Punkten ausgeschafft, déi konkret Moossname virschloen.
De Chamberpresident Claude Wiseler huet op der Plaz gesot, et géif een d’Dokument liesen an esou séier wéi méiglech op d’Organisatioun zeréck kommen. Der Organisatioun ass et awer virun allem en Uleies, datt d’Regierung sech zesumme mat den Organisatioune fir d’Affer un en Dësch géif setzen, fir zesumme Proposen auszeschaffen.