arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LUCET-Direktesch iwwer Projet-ALPHA-Etüd: Erwaardunge goufen net erfëllt

Educatioun

|
reading time

5 min

headphones

16 min

play_arrow

LUCET-Direktesch iwwer Projet-ALPHA-Etüd: Erwaardunge goufen net erfëllt

De LUCET ruddert zeréck an der Fro, ob et Divergenze gouf tëschent der Uni an dem Educatiounsministère iwwer d’Publikatioun vum Rapport iwwer de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul. Iwwerdeems hätten d'Resultater d'Erwaardungen net erfëllt.

reading time

5 min

headphones

16 min

play_arrow
Sonja Ugen | © Jo Diseviscourt
Sonja Ugen (Foto: Jo Diseviscourt)

Update: 12:50 Auer

D’Sonja Ugen huet als Direktesch vum LUCET un der Etüd iwwer d’Alphabetisatioun op Däitsch an op Franséisch matgewierkt. Eng Etüd, déi vill iwwer sech schwätze gedoen huet.

De LUCET ass verantwortlech fir d’Epreuve-standardiséeën. Déi testen d’Schlësselkompetenzen an der Mathé, dem Liesverstoen an dem Héierverstoen.

D’Tester gi vu Wëssenschaftler:innen zesumme mam LUCET an Enseignanten aus dem Fondamental ausgeschafft, erkläert d’Sonja Ugen am 100,7-Interview.

Pilotklasse sinn net tel quel mat anere Klasse verglach ginn

Véier Pilotklassen hunn um Projet ALPHA deelgeholl. Am Schouljoer 2023/2024, wéi d’Schüler:innen am éischte Schouljoer waren, also dem Cycle 2.1, goufe si eng éischte Kéier getest.

Am Cycle 3.1, also am Joer 2025/2026, hunn déi selwecht Schüler:innen op en Neits un Epreuve-standardiséeën deelgeholl.

Dës véier Pilotklasse si mat enger Grupp Schüler:innen aus dem reguläre System verglach ginn.

“Well d’Kanner aus de Pilotklasse sech liicht vun der Schülerschaft aus der nationaler Moyenne ënnerscheeden – familiären Hannergrond, Sproochen, déi si doheem schwätzen – ass e statistesche Vergläichsgrupp aus dem nationale Pool gemaach ginn.”

D’Pilotklasse sinn also net tel quel mat anere Klasse verglach ginn, mee mat Schüler:innen, déi uechtert d’Land verspreet waren.

Resultater hunn net der Hypothees entsprach

D’Erwaardung war, datt d’Kanner duerch eng Alphabetisatioun an enger Sprooch, déi méi no un hirer Mammesprooch läit, besser Resultater kréien. Dat war effektiv d’Hypothees, betount d’Sonja Ugen.

“D’Leeschtungen am Cycle 3.1 an der Mathé, am Lies- an Héierverstoen an der jeeweileger Alphabetiséierungssprooch hu sech net systematesch ënnerscheet.”

D’Erwaardunge goufen also net erfëllt, well d’Schüler:innen aus de Pilotklassen änlech gutt ofschneiden, wéi déi aus dem reguläre System.

Datt positiv Effekter awer nach kënnen optrieden – zum Beispill am Cycle 4.1 – wier net ausgeschloss.

Huet de Ministère en Embargo verlaangt?

Vill Diskussioune goufen et ronderëm en eventuellt Zeréckhale vun der Etüd.

De Patrick Remakel, President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE, sot bei RTL formell, et wier him vum LUCET matgedeelt ginn Ufank Juli, datt d’Etüd op Demande vum Educatiounsministère ënner Embargo gesat gi wier, well se net den Erwaardunge géing entspriechen.

D’Sonja Ugen seet, de LUCET hätt dat net esou formuléiert.

An enger éischter Versioun virun e puer Wochen huet de LUCET nach behaapt, de Rapport wier op Demande vum Ministère bis an de Juli ënner Embargo gesat ginn. De Moien huet d’Direktesch vum Fuerschungszenter hei op der Antenn zouginn, datt d’Uni an den Educatiounsministère déi Decisioun zesummen an engem Steering Committee geholl hunn.

An deem Kommitee sinn d'Hallschent vun de Membere vun der Uni, déi aner Hallschent vum Ministère.

Verschidden automatiséiert Messagen

Am Steering Committe vum LUCET wier Ufank Mee festgehale ginn, dat de Rapport eréischt am Juli géif publizéiert ginn, no enger sougenannter externer Review, esou d'Sonia Ugen.

Dës Ausso deckt sech dann och mat engem automatesche Message vum LUCET, deen eis Redaktioun de 7. Juli krut, wéi mir versicht hunn d'Etüd erofzelueden.

Mee dee Message war an enger éischter Versioun anescht formuléiert, an deemno muss de Message mat der Zäit vum LUCET geännert gi sinn. An der éischter Versioun vum Message, de si eis selwer nom Interview gewisen huet, stoung, op Demande vum Ministère wier de Rapport ënner Embargo.

Keen normale Peer Review

Den normale Peer Review Process an der Wëssenschaft – also dee Prozess, an deem aner Chercheuren nach emol iwwer Etüden oder Rapporte kucken – dauert 1 bis zwee Joer, erkläert d’Sonja Ugen. An deem Fall géing d’Etüd nämlech un eng wëssenschaftlech Zäitschrëft geschéckt ginn, déi et dann anonym u Leit schécken.

Hei wier kee Peer Review gemaach ginn, well d’Resultater séier zur Verfügung hu misse stoen, seet d’Direktesch vum LUCET.

“Et war eng Demande vum Ministère fir d’Resultater prioritär ze traitéieren. Am Februar hate mir déi éischt Analyse virleien.”

D’Direktesch vum LUCET betount weider, datt een als Chercheur ni dogéint wier, datt een externen nach emol iwwer eppes kuckt an et evaluéiert.

"Mir wollte weisen, datt mir eis Aarbecht zäitno gemaach hunn"

De Ministère hätt awer ugefrot gehat, datt vun hirer Säit aus nach en externe Reviewer iwwer d’Etüd kuckt.

De Rapport zur Etüd gouf vum LUCET op déi Uni-intern Plattform eropgelueden, kuerz nodeem de Steering committee stattfonnt hat.

“Fir ze weisen, datt mir de Rapport ofgeschloss hunn. Mir wollte weisen, datt mir eis Aarbecht zäitno gemaach hunn an näischt méi um Contenu vum Rapport géingen änneren.”

Nott vun der Redaktioun: An der Suite vum Interview huet d'Sonja Ugen preziséiert, datt Leit, déi versicht hu schonn am Juni de Rapport op der Plattform ORBI rofzelueden, follgende Message kritt hätten.

play_arrow Lauschteren