D’Trump Administratioun hätt e Plang fir Europa, an dee wier an direkter Contradictioun mat den Europäesche Wäerter. Et géif drëms goen, Europa vu banne futti ze maachen, esou den LSAP-Deputéierten. An dorop bräicht et eng däitlech Äntwert.
“Kucke mir der Realitéit an d’Aen a probéiere resolut mat eisen Europäesche Partner eis Autonomie vis-à-vis vun den USA opzebauen, um Plang vun der Energie, der Verteidegung vun der Ekonomie, mat engem staarke Bekenntnis zu Mënscherechter an internationalem Recht? Oder gi mir kleng bäi bei all Demande, an et muss een och soen, Erpressung, déi vum Trump senger Clique kennt?”
A senger Äntwert huet de Premierminister Luc Frieden ënnerstrach, datt d‘Regierung hir Meenung an dëser Fro ëmmer erëm zum Ausdrock géif bréngen. Et wier ganz kloer, datt déi Strategie vum Donald Trump vill Elementer enthale géif, déi een net géif deelen.
USA misst an den nächste Joren Haaptalliéierte bleiwen
De geopolitesche Kontext géif een dozou zwéngen, méi onofhängeg ze ginn, esou de Premierminister. Mee trotz allen Desaccorde géif d Regierung dozou plädéieren, datt déi transatlantesch Relatioun wichteg wier an datt een se och aus enger längerfristeger Perspektive fir Lëtzebuerg an Europa misst am Bléck hunn.
An do wier een der Meenung, datt d’USA an deenen nächste Joren ee vun den Haaptalliéierte misst bleiwen, esou nach de Luc Frieden.