search

/ LSAP vs. CSV: Den Debat iwwer déi nei Stengeforter Schoul ass lancéiert

Lokalpolitik

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

LSAP vs. CSV: Den Debat iwwer déi nei Stengeforter Schoul ass lancéiert

D’Gemeng Stengefort mat hire 6.000 Awunner:inne wiisst. A brauch dofir mëttelfristeg méi Plaz an de Schoulen. Doriwwer si sech den LSAP-Schäfferot an d’Stengeforter CSV-Oppositioun eens. Doriwwer wéi a wou een déi néideg Plaz soll fannen fir méi Schüler ënnerzekréien awer manner.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Vum 15.09 un ass Rentrée an der Schoul | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

D’Gemeng Stengefort mat hire 6.000 Awunner:inne wiisst. A brauch dofir mëttelfristeg méi Plaz an de Schoulen. Doriwwer si sech den LSAP-Schäfferot an d’Stengeforter CSV-Oppositioun eens. Doriwwer wéi a wou een déi néideg Plaz soll fannen fir méi Schüler:innen ënnerzekréien awer manner.

D’Stengeforter CSV huet leschte Sonnden eng Petitioun gestart mam Zil e Gemengereferendum zu dëser Fro ze organiséieren.

Den Ament gëtt an der Gemeng Stengefort op zwee verschidde Sitte Schoul gehalen. Zu Stengefort an zu Klengbetten. Well den aktuelle Modell awer keng Zukunft huet, stellt sech déi grouss Fro: Soll et an Zukunft een zentraliséiert Sitt oder zwee getrennte Schoulsitte ginn? D’Positioun vun der CSV ass kloer: Fir si soll et an Zukunft just nach ee Site zu Stengefort ginn. Am 100,7 Interview erkläert de President vun der Stengeforter CSV, de Rafael Gomes firwat si dat sou gesinn.

CSV: Zentral Schoul fir manner Schülertransport

D'Sténgeforter CSV wier der Meenung, dat géif dem Schoulpersonal d'Organisatioun vereinfachen an et géif och manner Transport fir d'Schüler bedeiten.

"Wann een da vun engem Site op deen aneren an d'Schwämm zum Beispill muss goen oder an d’Maison relais."

Entstoen sollt déi nei zentral Schoul zu Stengefort um Site “A Backent” dee bis ewell na net bebaut ass. Nieft der Proximitéit zu verschiddenen Infrastrukturen géif eng zentral Schoul och vill Interaktioun tëschent de Schülerinnen a Schüler erméiglechen. Datt dat ze vill Kanner op enger Plaz wieren, fënnt de Rafael Gomes net.

"Mir schwätzen hei elo net vun enger zentraler Schoul, wou dann de Schoulhaff esou grouss sinn, wou dann alles gemëscht ass. Ech mengen dat muss een elo mat den Ingenieuren, mat den Architekten kucken."

Déi eenzel Schoulzyklen kéint een trotz engem zentrale Schoulgebai regroupéieren, esou de President vun der Stengeforter CSV weider. Zu Klengbetten, géif duerch de Projet vun der CSV och de Verkéier entlaascht ginn, wa keng Schoul méi do wier, mengt de Rafael Gomes.

LSAP: Dat geet géint d'Iddi fir d'Dierfer méi ze beliewen

Den LSAP Buergermeeschter Sammy Wagner gesäit dat anescht. Am 100,7-Interview erkläert hien, datt grad Klengbetten ënnert enger zentraler Schoul géif leiden. Et wéilt een nämlech eigentlech d'Dierfer an der Gemeng nees méi beliewen.

"Datt mer de klenge Commerce wëllen dohinner kréien, de Bäcker zu Klengbetten behalen, de Restaurant, villäicht ee klengen Zeitungsbuttek kréien an da gi mer Fonctiounen, wéi eng Schoul, aus engem Duerf eraushuelen."

Eng Schoul op zwee Sitten géif och eng besser a méi enk Betreiung vun de Kanner erméiglechen, fënnt de Sammy Wagner. 

"D'Educateuren kennen d'Kanner vill besser, kënnen e bessere Suivi garantéieren hannendrunner."

Buergermeeschter wéineg begeeschtert iwwer d'Petitioun

Well souwuel d’LSAP wéi och d’CSV sech op hire Léisungswee behaapten, war d’Stengeforter CSV der Meenung, dass een d’Bierger:innen no hirer Meenung sollt froen.

Datt d’CSV op de Wee gaangen ass fir eng Petitioun ze starten, dovu gouf den LSAP-Buergermeeschter Sammy Wagner e wéineg iwwerrascht. An et huet beim Sammy Wagner och net fir Begeeschterung gesuergt. Hien hätt sech éischter erwaart, datt een dee Match am Gemengerot selwer mécht.

"Ech menge mir si grad amgaangen och op eiser Säit u Projeten ze schaffen. An dofir hätt een eigentlech och erwaart, dass do e bësse méi vun hinne vläicht och nach komm wier."

D’Stengeforter LSAP wier duerch d’Petitioun vun der CSV lo e bëssen ënner Drock fir selwer op dësem Sujet ze kommunizéieren, seet de Sammy Wagner. 

"Datt mer et e bëssen traureg fannen, dass een iwwert déi Referendumsgeschicht elo och versicht do esou d'Gemeng e bëssen ze splécken, wat mir einfach net gutt fannen."

750 Stëmmen néideg fir konsultative Referendum

Fir de Sammy Wagner géif d’Stengeforter CSV de Bierger:inne Sand an d’Aan streeën mat engem Projet dee net sou ausgeräift wier wéi e géif duergestallt ginn. Hie géif sech awer freeën a nächster Zäit iwwert dee Sujet ze diskutéieren. 

Bis spéitstens de 14. Abrëll huet d’Stengeforter CSV Zäit déi 750 néideg Ënnerschrëften ze sammelen. Dat wier ee fënneftel vun alle Walberechtegten an der Gemeng. Réicht wann se déi erreechen, muss de Gemengerot zu Stengefort e konsultative Referendum organiséieren, wou dann och d’Bierger hir Meenung kéinte matdeelen. 

play_arrow Lauschteren