arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP presentéiert Fuerderungspak fir ë.a. besser sozial Ofsécherung vu Selbstännegen

Aarbechtswelt

|
reading time

2 min

LSAP presentéiert Fuerderungspak fir ë.a. besser sozial Ofsécherung vu Selbstännegen

No der Fédération des Artisans fuerdert elo och d'Oppositiounspartei LSAP eng besser sozial Ofsécherung vu Selbstännegen an eng finanziell Entlaaschtung vu klenge Betriber. D'Sozialisten hunn e Package mat aacht Fuerderunge presentéiert.

reading time

2 min

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Am Virfeld hat d'LSAP ënner anerem mat der Handwierkerfederatioun geschwat, déi sech schonn zënter der Corona-Pandemie fir eng Reform vum Statut vun de Selbstännegen asetzt.

Wéi d'Handwierkerfederatioun fuerdert och d'LSAP eng finanziell Ofsécherung vu Selbstännege bei aussergewéinleche Krisen. Sou hätten d'Salariéë wärend der Pandemie konnte vum Chômage partiel profitéieren, d'Selbstänneger selwer awer net. D'LSAP wëllt, datt hinnen an esou Situatioune bis zu 80 Prozent vun hirem Akommesverloscht ersat ginn, ënner bestëmmte Konditiounen.

"Soziaalt Netz feelt"

Och beim Congé parental a Congé de maternité fuerdert d’LSAP Nobesserungen. Esou soll schonn am Ufank vum Congé e Referenzakommes festgeluecht ginn. D’Zill wier, dat et  fir d’Independanten net zu Nobezuelunge kënnt, wann hier Akommes sech ännert.

Den LSAP-Deputéierte Ben Streff gesäit virun allem bei de soziale Rechter vun de Selbstännegen nach Handlungsbedarf.

"Ech mengen, déi gréisst Erausfuerderung am Moment ass wierklech dat soziaalt Netz, wat feelt. Sief et a Krisenzäiten, awer och souguer an normalen Zäiten, wann een zum Beispill e Kand kritt, datt een da beim Congé parental muss fäerte mat massiven Aboussen ze rechnen. Ech mengen, wann d'Independantë soen, déi selwecht Rechter, dann hunn se do absolut Recht, an ech mengen, do muss ee wierklech deem dann nogoen an dat soziaalt Netz schafen, wat gebraucht gëtt."

Regierung géif dru schaffen

Eng weider Fuerderung betrëfft d'Ofsécherung bei Krankheet. Aktuell kënne Selbstänneger sech fräiwëlleg bei der Mutualité des employeurs versécheren, fir och an der éischter Phas vun enger Aarbechtsonfäegkeet finanziell ofgeséchert ze sinn. D'LSAP wëllt dës Umeldung automatesch maachen, mat der Méiglechkeet, sech ofzemellen.

Eng konkret Gesetzespropos huet d’LSAP nach net ausgeschafft. D'CSV-DP-Regierung hat sech am Koalitiounsaccord schonn zu enger Reform vum Statut vun de Selbstännege verflicht. D'Regierung géif den Ament dru schaffen, heescht et vum Wirtschaftsministère op eis Nofro hin.