Wann dëst net sollt agehale ginn, steet Liberty Steel e Geriichtsprozess bevir. Onbezuelte Salairë wieren net déi eenzeg Suerg vum Diddelenger Stolwierk, esou de Robert Fornieri
Et géifen nämlech och Creancieren op hir Sue waarden, genee wéi de Staat, d‘Securité Sociale, de Steierbüro an d‘Banken.
Op hir Pai vum August missten d’Salariéë scho bis Enn September waarden. Wat fir Konsequenzen e Geriichtsprozess kéint mat sech zéien ass nach net gewosst.