Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
search

/ LCGB, OGBL an LSAP geheien der Regierung Chaospolitik vir

Veronsécherung vun der Populatioun

LCGB, OGBL an LSAP geheien der Regierung Chaospolitik vir

Schaarf Kritik vun der LSAP an de Gewerkschaften OGBL an LCGB. D'CSV-DP-Regierung géif eng Chaospolitik bedreiwen a geziilt de Sozialmodell wëlle schwächen, esou de Virworf.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / axelbueckert


Et kéint keen Zoufall sinn, wann den Aarbechtsminister an d'Sozialministesch ënner anerem mat widderspréchlechen Aussoen an unilateralen Entscheedunge fir Konfusioun an Onverständnis an den Dossiere Pensiounen, Krankekeess, Sonndesaarbecht a Kollektivvertragswiese géife suergen. Esou wéilte si d‘Leit gewollt veronsécheren, fir hir elo schonn decidéiert Reformen ëmzesetzen, ouni datt d'Schwäche vum Sozialmodell, déi doduerch entsteet, ze opfälleg wier.