Réischt Ufanks dës Joers, am Februar, hat den LCGB dowéinst eng Entrevue mam zoustännege Minister, deen eng Léisung versprach hat, fir dass déi Linnen net suppriméiert misste ginn. Vill Salariéeën an och Buschauffere wieren dovu betraff.
Bis haut awer wier keng vun de Proposen, déi deemools gemaach goufen, ëmgesat ginn.
Riets war zum Beispill vun enger Verstäerkung vum RGTR-Reseau an engem Pôle d‘échange zu Ettelbréck, mee ëmgesat wier nach näischt ginn, sou d‘Kritik vum LCGB.