search

/ Lëtzebuergescht Halloween: Zu Munzen ginn Trauliichter aus Zockerrommele geschnëtzt

Lokal

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Lëtzebuergescht Halloween: Zu Munzen ginn Trauliichter aus Zockerrommele geschnëtzt

An deem klengen Duerf am Norde vum Land waren et net d'Kürbissen, mee vill méi d'Zockerrommelen, deenen et an deene leschten Deeg un d’Fleesch gaangen ass. Am Naturerliefniszenter Robbesscheier lieft d’Traditioun vum Trauliicht, där hir Urspréng bis an d’Mëtt vum 18. Joerhonnert zeréckginn, weider.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Trauliichter | © 100,7
Trauliichter (Foto: 100,7)

Zu Munzen gouf an deene leschten Deeg geseet, ausgehielegt a gehummert. Am Naturerliefniszenter Robbesscheier konnte Kanner an Erwuessene, an engem Atelier hiert eegent Trauliicht schnëtzen.

Bosseg Gesiichter, Spannen an Zombien 

Déi Zockerrommelen, déi hei zu Trauliichter verschafft ginn, si ganz schéin haart. Dem Josh, zéng Joer al, ass dat egal. Hien a seng Famill huet et aus England op Munze verschloen. Si sinn zu Lëtzebuerg bei Familljememberen op Besuch a maachen sech op der Robbesscheier e flotten Dag. Hien erzielt, wat hien aus senge Rommele schnëtzt. 

"We have been carving out turnips and are turning them into spiders and zombies, using knives and turnip-thingies."

Aus de Rommelen géif hien Spannen an Zombien schnëtzen seet de klenge Bouf aus England. 

Och d’Eliza, 11 Joer al, ass op dësem Moien zu Munzen fläisseg um schaffen. Um Dësch virun him läit eng ganz Partie Geschier, mat deem hatt seng Zockerrommel beaarbecht.

"Also erst einmal hab ich angefangen mit diesem Werkzeug ein Loch zu machen, dann hab ich das da benutzt, um die Augen zu machen und dann hab ich das Werkzeug da benutzt, um die Löcher zu machen und diesen Hut draufgesetzt."

Hir Rommelen hu si sech kuerz virdrun aus engem grousse Koup erausgesicht, deen direkt hannert der Entrée vun engem groussen Zelt opgetiermt ass - do wou d’Trauliichter an enger mystescher Atmosphär geschnëtzt ginn. 

Dofir steet hinnen net nëmmen eng riseg Auswiel u Geschier zur Verfügung, mee och souzesoen e ganze “Buffet” un Dekoratiounsmaterial aus der Natur: Käschten, Eechelen, Muerten, Blieder a nach Villes méi.

Zockerrommelen | © 100,7
Zockerrommelen (Foto: 100,7)

Urspréng an der Keltenzäit

Wéinst dem dréchene Summer sinn d’Rommelen dëst Joer zimmlech kleng ausgefall. Ma Haaptsaach et sinn der genuch do, an och aus deene klengen Zockerrommelen loosse sech mat e bësse Fantasie grujeleg Kreature bastelen.

Wéi de Jean Zeches, Direkter vun der Robbesscheier, erkläert, ginn d’Urspréng vun dëser Traditioun bis an d’Zäit vun de Kelten zeréck. Fréier hätt een dës Zockerrommelen mat de "Fratzen an den elle Gesiichter" virun de Kéistall gesat, fir béis Geeschter a Krankheete fort ze halen. Vun do kënnt d'Traditioun vun den Trauliichter.

 "Wéi se nach d’Véi op de Wisen haten, an se net mat Unhänger ronderëm gefouert hunn, dann ass d’Véi virum Wanter an d’Ställ gedriwwe ginn. A fir Krankheeten an déi béis Geeschter ewechzehalen sinn déi Trauliichter virun d’Stalldier gesat ginn, an dann hu se geduecht dat géif de Geeschter Angscht maachen an da géifen d’Déieren net krank ginn mee gesond bleiwen"

Mat der Zäit huet sech d’Traditioun du weiderentwéckelt a mat de Feierlechkeete ronderëm Allerhellege verbonnen. D’Trauliichter sollten dunn net méi nëmmen d’Déiere schützen.

Fakelzuch zu Munzen

Well dat "esou gutt geklappt huet, hunn d'Mënschen och ugefaanfen dat fir sech ze maachen, wéi d’Linda Parisot vum Naturerliefnëszenter Robbesscheier erkläert. 

"Wa mir Mënschen esou eppes maachen, da gëtt meeschtens e Fest draus gemaach."

An dëst Fest, souzesoen déi Lëtzebuergesch Variant vun Halloween, ass zu Munzen eppes ganz Besonnesches. Als Héichpunkt gëllt de grousse Fakelzuch, bei deem haut den Owend Honnerte Mënsche wäerte mat hiren Trauliichter duerch d’Däischtert zéien – an déi béis Geeschter mat hire grujelen Zockerrommele verdreiwen. 

Naturerliefniszenter Robbesscheier | © 100,7
Naturerliefniszenter Robbesscheier (Foto: 100,7)

play_arrow Lauschteren