Radioen

On air

Moiesstudio  |  Claude Reuter

play_arrow Live
search

/ Spektrum: Géigesäiteg Reprochen tëschent dem Verwaltungsrot a fréierer Projetsleederin

Rëmelenger Kulturhaus

Spektrum: Géigesäiteg Reprochen tëschent dem Verwaltungsrot a fréierer Projetsleederin

De Verwaltungsrot vum Rëmelenger Kulturhaus Spektrum huet haut um Dënschdeg eng Entrevue mam Kulturminister Eric Thill. Hannergrond ass d'Entloossung am September vun der Teena Lange, Projetsleederin vum lokale Kulturzenter. D'Presidentin vum Verwaltungsrot, d'Carole Marx, äussert sech elo am 100,7-Interview eng éischte Kéier zu de Grënn fir de Licenciement. D'Teena Lange kontestéiert d'Reprochen op Nofro hin.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Am Resumé goufen et am Rëmelenger Kulturzentrum inhaltlech wéi mënschlech Divergenzen. 

Ugefaange mat den inhaltlechen Divergenzen. D'Presidentin vum Verwaltungsrot confirméiert, wat d'Lëtzebuerger Wort am Oktober gemellt huet: An zwar datt d'Teena Lange de Programm vum Kulturhaus net esou ëmgesat hätt, wéi d’Konzept - an domat och de Verwaltungsrot - sech dat virgestallt hätten, seet d'Presidentin vum CA, d'Carole Marx.

"Do ass eis gesot ginn, datt d’Populatioun mat agebonne gëtt. Dat heescht, et ass en oppent Haus, wou d’Leit erakommen, a wou d’Leit kënne Kënschtler nokucken. Dat heescht, wou hei Saache stattfannen, a wou dee Moment och d’Kënschtler de Leit dat erklären, fir eben zesummenzeschaffen."

Dat hätt awer guer net stattfonnt, esou d'Carole Marx.

Evenementer hunn net genuch d'Technologie vum Kulturhaus agebaut

Op bal 60 Säiten gouf een detailléiert Konzept fir d'Kulturhaus ausgeschafft. 5 Haaptpiliere sinn doran definéiert. "Cocreation, accessibilité, économie du Partage, Immersion an effacement des barrières". Genee dat hätt si probéiert ëmzesetzen, seet d'Teena Lange am 100,7-Interview, déi am Kader vum Kulturjoer Esch22 am Mee 2022 vu Berlin op Rëmeleng schaffe koum. 

"Das hieß, vor allem mich darauf konzentrieren, eine Brücke zu schlagen zwischen dem Respekt und dem kulturellen Erbe gegenüber Albert Hamus und dem Minett und gleichzeitig eine Brücke zu schlagen in die nächste Generation, in die Zukunft, unter anderem digitale Kunst, immersive Kunst, Neue Medien. Und da gibt es genug Beispiele, die aufzeigen können, dass das sehr gut funktioniert hat."

An effektiv goufen et Evenementer am Spektrum - sief dat mat lokalen Theatergruppen oder awer nationale Kënschtler:innen. Dem Verwaltungsrot no hunn déi Evenementer awer ënner anerem net genuch d'Technologie mat agebaut, déi am Haus zur Verfügung steet, vun 3D-Drucker bis VR-Brëller.

Teena Lange hätt no Mediatioune gefrot

Dobäi kënnt, datt och eng Rei Mataarbechter:innen d'Kulturhaus zanter der Ouverture verlooss hunn. Dem Verwaltungsrot no louch dat un der Aart a Weis, wéi d’Teena Lange mat der klenger Ekipp ëmgaangen ass. D'Teena Lange streit net of, datt et zu engem schwieregen Aarbechtsverhältnis koum. 

Si hätt awer méi dacks no Mediatioune beim Verwaltungsrot gefrot, déi wieren awer net ugeholl ginn, esou d'Teena Lange. Ëmgedréit de selwechte Reproche. Si gouf am September als Projetsleederin entlooss - ob si de Licenciement viru Geriicht ufecht, huet si nach net decidéiert, seet si am 100,7-Interview.

Eis Journalistin Ana Angel huet am Moiesstudio weider Informatioune ginn

Lauschterenplay_arrow