Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
search

/ Kultur an der Schoul - eng Konscht fir sech?

Webinaire

Kultur an der Schoul - eng Konscht fir sech?

Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen? An Zesummenaarbecht mam Script.

auto_stories

2 min


Kultur - an dësem Fall den Iwwerbegrëff fir kreativ Schafensberäicher wéi Musek, Danz, Zeechnen, Literatur - soll an der Schoul Kanner vermëttelt ginn a si ureegen, sech fir Kultur ze interesséieren. An der Leeschtungsgesellschaft fält Kultur gär ewech do wou aner Aufgaben als “méi wichteg” ugesi ginn. 
Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen?

Ass et de Choix vum Léierpersonal, wat e Schüler a Saache Kultur mat op de Wee kritt an der Grondschoul? An am Lycée, geet et duer, wann een ZWOU Stonnen Education artistique an eng Stonn Musek enseignéiert? Oder misst d’Vermëttele vun ästheetesche Wäerter méi breetgefächert agesat ginn? Wat ass d’Plus-value vun de kreative Schafensprozesser fir Schüler a Schülerinnen? Ginn iwwer Musek, Danz, Literatur an Zeechne respektiv Konschtunterrecht net och Kompetenze gefestegt, déi ee jonke Mënsch am anere Fall vläicht just a senger Fräizäit kultivéiert?

Offere fir Kultur entweder vu baussen an d’Schoulen eranzebrénge ginn et vill. Donieft bidden och vill Acteure baussent der Schoul speziell Programmer fir Kanner a Jugendlecher un. Wouvun hänkt et of, ob Kanner mat Kultur a Beréierung kommen an de Wäert vun der Ästheetik kenneléieren? A wat kann dat beschtefalls bei hinne bewierken? Wéi kann ee Kanner a spéider Jugendlecher de Wäert vu Kultur nobréngen? 

Am Webinar schwätze véier Invitéen iwwer d’Konscht, jonke Mënschen ze weisen, wat hinne Kreativitéit a Schafensprozesser ka bréngen. Ronderëm den Dësch sëtze fir dëse Webinar:
- Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée Plomm
- Nadine Erpelding, Conseillère de Gouvernement Kulturministère
- Bob Minette, Musekspedagog, SCRIPT
- Nathalie Moyen, Metteur en scène an Danzpedagogin, SCRIPT
Moderatioun: Natasha Ehrmann

Am Laf vum Gespréich héiere mir och verschidden aner Stëmmen iwwer d’Theema Kultur an der Schoul, a jiddwereen, deen interesséiert ass, ka seng Froe stellen iwwer d’WhatsApp-Nummer 621 44 00 44 oder per Mail op fro@webinar.lu.