Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess wéinst Homicide involontaire: Kuerz Sitzung am Prozess géint zwou Entreprisen

Justiz

Prozess wéinst Homicide involontaire: Kuerz Sitzung am Prozess géint zwou Entreprisen

Mat engem déidlechen Aarbechtsaccident, am Mee 2017, um Kierchbierg gouf sech de Mëttwoch de Moien um Stater Geriicht befaasst. Viru geschwë siwe Joer war op engem Schantjen no beim Rond-point Serra en Aarbechter ënnert enger Stee vu véier Meter Héicht begruewe ginn, déi ëmgefall war. De Mann vun 41 Joer war op der Plaz dout. Zwou Entreprisë si wéinst Homicide involontaire ugeklot.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril play_arrow
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

Wéinst engem Mëssel an der Kommunikatioun tëscht engem Affekot a sengem Client, engem vun den zwee Betriber, war de Prozess de Moie séier op en Enn. Et gouf nämlech just een Zeie gehéiert, e Mann vun haut 34 Joer, deen deemools mam Affer um Schantje geschafft hat an haut extra aus Portugal op Lëtzebuerg komm war, fir auszesoen.

Physesch a psychesch Blessuren

Den Zeien huet erkläert, datt hien op deem fatalen Dag géint aacht Auer moies um Schantjen ukoum. Hien hätt sech preparéiert, fir ze schaffen, wéi ëmmer, an et hätten, wéi déi Deeg virdrun och, zwou Steeën do gestanen. Hien hätt mam Réck zu där enger gestanen, wéi déi op ee mol gefall koum. D’Stee wier fir d’éischt op hie gefall an dunn op d’Affer, dat e bësse méi wäit ewech war. Hie wier och physesch blesséiert ginn, um lénken Aarm; déi richteg Blessure wieren awer psychologescher Natur, well hien déi Biller net vergiesse géif. Hien hätt net matgedeelt kritt, datt déi zwou Steeën deen Dag sollten ewechgeholl ginn. Fir déi Deeg virdru war sou eng Aktioun dogéint annoncéiert ginn. „Well kee sollt drugoen, sollten d’Steeën och net gefall kommen“, huet den Zeien de Moie betount.

De Mann huet 5.000 Schuedensersatz gefuerdert

Op d’Fro vun der Presidentin vum Geriicht hin, ob hien an d’Affer bei Aarbechtsufank an der Risikozon gewiescht wieren, war d’Äntwert vum Mann „Jo“, obwuel déi Zon net als Risikozon ausgewise gewiescht wier. Hie géif och net mengen, datt dee klenge Kran, deen d’Steeë sollt ewechhuelen, op enger anerer Plaz stoung wéi dunn, wéi hien ugefaangen huet mat schaffen. Hien hätt dee Kran am Ufank gesinn, dunn awer mam Réck zur Stee gestanen, sou datt hien dee Kran de Moment vum Accident net méi gesinn hätt. Um Enn vun där kuerzer Sëtzung huet de Mann nach 5.000 Euro Schuedenersatz gefrot.

Lauschterenplay_arrow