Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Kritt den neie franseische Premier François Bayrou seng Politik ëmgesat?

Frankräich

Kritt den neie franseische Premier François Bayrou seng Politik ëmgesat?

D‘Ried vum François Bayrou änelt staark där vu sengem Virgänger Michel Barnier. Hie weist sech zwar méi gespréichsbereet. Dat awer och well e mam Réck zur Mauer steet a wéineg anere Choix huet. Eng Analys vum 100,7-Korrespondent Max Tholl.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

François Bayrou | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto

Och de Bayrou, wëll, wéi seng Virgänger, d‘Pensiounsreform virubréngen. 3 Méint gëtt hien de Sozialpartner Zäit fir een Accord ze fannen.

Fir de Recht hätt seng Ried vill no engem Verwaltungsmodus geklongen. Sujete wéi de Klimaschutz an d‘Kafkraaft goufen ignoréiert. Et deit sech kee grousse Politikwiessel un.

Nach ee Mësstrauensvott?

E wäert och net einfach ginn eng Majoritéit an der Assemblée nationale ze fanne. D‘Sozialisten hunn hir Doutten a grenze sech vum François Bayrou of. An och de rietsextreme Rassemblement National (RN) weist sech no der Ried enttäuscht, well d‘Kafkraaft ignoréiert gouf an och a Saache Sécherheet keng grouss Mesuren annoncéiert goufen.

D‘La France Insoumise (LFI), d‘Kommunisten an d‘Ekologisten zu schonn annoncéiert ee Mësstrauensvott op de Wee ze bréngen. Fir dee gëtt et awer keng grouss Chance: Net emol d‘Gauche selwer steet gëeent hannendrun. D‘Sozialiste géife just fir de Mësstrauensvott stëmmen, wann et keng kloer Zoustëmmung fir en Dialog zur Pensiounsreform gëtt. Den RN wéilt de Mësstrauensvott och a priori net ënnerstëtzen.

Lauschterenplay_arrow