Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Kritik vun déi gréng: Chamberkommssioun iwwer Héichwaasser gëtt net ëffentlech iwwerdroen

Chamber

Kritik vun déi gréng: Chamberkommssioun iwwer Héichwaasser gëtt net ëffentlech iwwerdroen

D’Chamberkommissioun de 6. Juni iwwer d’Héichwaasser vum leschte Weekend wäert net ëffentlech iwwerdroe ginn. Dat kritiséieren déi gréng an engem Communiqué. Grad vum Héichwaasser ware jo vill Leit betraff.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Et ass eng Commission Jointe – Ëmwelt, Interieur a Mobilitéit. Just d’Ëmweltkommissioun gëtt bis ewell am Pilotprojet vun der Chamber ëffentlech gestreamt.

Fir déi gréng wier et wichteg gewiescht genee dës Debatt ze iwwerdroen, erkläert den Deputéierte Meris Sehovic. Et géif him no net just drëms goen, datt d'Deputéiert sech wuelfillen, mee op d'Zougangsrecht zu Informatioune vun der Bierger:innen. Wann an der Kommissioun Rieds ass iwwer Staarkreen an d'Previsioune vum Wiederdéngscht, da missten déi Diskussioun der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn.

Ofstëmmung ouni inhaltlech Diskussioun

Et sinn déi zwou aner Kommissiounen – Interieur a Mobilitéit – déi dierfen ofstëmmen, ob déi gemeinsam Kommissioun mat der Ëmwelt soll iwwerdroe ginn oder net. Sou steet et och am Chambersreglement, erkläert de Laurent Scheeck, Chamberssecretaire.

A genee sou hätt een dat gemaach, mengt d’Corinne Cahen, Presidentin vun der Mobilitéitskommissioun. Et wier net inhaltlech diskutéiert ginn, op d’Iwwerdroung vu genee dëser Sëtzung fir d’Biergerinnen an d’Bierger wichteg wier, et wier einfach ofgestëmmt ginn, esou d’DP-Politikerin op eis Nofro hin.

Testphas leeft bis Enn des Joers

Momentan ass dat ëffentlecht Iwwerdroe vu fënnef Chamberskommissiounen, dorënner eben och d’Ëmweltkommissioun, an enger Testphas, déi nach bis Enn des Joers leeft. Eréischt da soll an der Presidentekommissioun decidéiert ginn, ob méiglecherweis all d’Kommissiounssëtzungen – mat e puer Ausnamen – sollen iwwerdroe ginn, oder net. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft