Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E17 Mir scheiteren ëmmer nach: Anouk Faber an Florence Sunnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik un der neier Regierung: vill Annoncë mee wéineg Konkretes

D'LSAP zitt de Bilan no den éischten 8 Méint

Kritik un der neier Regierung: vill Annoncë mee wéineg Konkretes

An den éischte knapp aacht Méint hätt d’Regierung sech als “Chaostrupp” presentéiert, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin haut an hirem Bilan. Bei hiren éischten eegene Projete wier eng ganz geféierlech konservativ-liberal Ideologie vun CSV an DP ëmmer ganz kloer erkennbar gewiescht, huet d’Taina Bofferding festgestallt.

auto_stories

1 min

Foto: Serge Kesseler

Déi éischt Prioritéit vun der neier Regierung wier eng propper Stad gewiescht, huet d’LSAP-Vizefraktiounscheffin Paulette Lenert kritiséiert. Donieft hätten et vill Annoncë ginn, awer nëmme wéineg Konkretes. Si hofft drop, datt de soziale Fligel an de Regierungsparteien erëm erwächt.

D’Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet donieft een "deplacéiert Behuele vu verschiddene Politiker" kritiséiert.

"An enger Welt wou einfach Messagen ëmmer méi no riets ofdreiwen, dréit d’Behuele vu Munche wierklech net dozou bäi, datt et besser gëtt. A mir stelle fest, datt zanter de Luc Frieden CEO vu senger Firma Lëtzebuerg ass, sech ee Skandal nom aneren heeft. Ech verweisen hei op d’Causa Meisch, d’Causa Gloden, d’Causa Lies, d’Causa Beissel, d’Causa Knaff. An all dëst dréit sécherlech net dozou bäi, datt d’Politikverdrossenheet méi kleng gëtt."

D’LSAP ass zanter knapp aacht Méint erëm an der Oppositioun. Déi leschte Kéier war si dat tëschent 1999 an 2004.