Bei de Reglementer fir Haussanéierungen wieren d’Biergerinnen a Bierger mat vill onnéideger Bürokratie confrontéiert. En nationaalt Bautereglement, wat vun der Regierung versprach gouf, kéint zwar dobäi hëllefen. Bis zur Ëmsetzung kéint et awer nach Joren daueren, sou de Francois Benoît vun déi gréng.
“An dofir fuerdere mir wierklech d'Regierung op, zesumme mat de Gemengen ze kucken, datt d'Bierger et elo schonn einfach gemaach kréien, fir déi Sanéierungen ze maachen. Fir datt si hier Haiser kënnen isoléieren, datt si Wärmepompele kënnen installéieren, datt si Photovoltaikanlage kënnen installéieren, well a ganz ville Gemengen ass dat ganz schwiereg, an a ganz ville Secteuren ass dat schwiereg. A virun e puer Joer huet d'Joëlle Welfring an de Claude Turmes do en Text virgeluecht, dee scho kann ëmgesat ginn elo. An d'Gemengen an d'Regierung ka sech net hannert deem Projet vun engem nationale Bautereglement verstoppen, fir datt elo schonn um Terrain Saache kéinte passéieren. An dee Stëllstand kënne mir eis net leeschten.”