Um internationalen Dag vun de Mënscherechter huele mir Iech mat op Munneref an de Bitzatelier vun der d’Beschäftegungsinitiativ Réimecher Kanton, kuerz BIRK. Virun engem Joer ass d’Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International Lëtzebuerg nämlech op d’BIRK duerkomm fir ee gemeinsame Projet ze realiséieren.
Een zweet Liewe fir Plakater
Am Bitzatelier zu Munneref zauberen d’Denisa an d’Oxana nei Kreatiounen aus ale Kleeder a Stoffer, déi vu Leit gespent ginn. D’Beschäftegungsinitiativ Réimecher Kanton verfollegt an deem Sënn direkt zwee Ziler mat deem Projet: D’Reinsertioun an den Aarbechtsmarché an d’Ukuerbele vun der Kreeslafwirtschaft.
Gebitzt gëtt elo awer net méi just mat Stoff, erkläert d’Denisa, déi de Bitzatelier leet. Fréier Plakater vun Amnesty kréien am Bitzatelier en zweet Liewen a ginn duerno fir de gudden Zweck verkaf.
"On a reçu beaucoup de bâches d'Amnesty international et là maintenant l’idée c’est de faire des objets originaux, mais c’est chaque fois différent, comme c’est pratiquement chaque pièce unique. Et comme ils ont aussi des différentes bâches, c’est très intéressant, parce que ce sont des matières différentes."
"Une belle collaboration"
Eng grouss giel-schwaarz Baatsch läit op engem hëlzenen Dësch an ass an eenzel Fränjelen zerschnidden. Een Deel vun de Fränjelen ass iwwer Kräiz geluecht ginn. Heirauser soll e ganz spezielle Kuerf ginn.
"Et là, on est en train de faire ce panier, qui est très mathématique pour le ressembler et tout ça. Donc c’est une belle collaboration qu’on vient de commencer avec eux. On espère cette année qu’on va faire plein de choses. Et on a encore beaucoup. On a 200 bâches, plus ou moins, qu’on doit recycler chez eux."
Poschen, Troussen, Rucksäck, esouguer Mécke ginn aus de recycléierte Baatsche fabrizéiert. All Objet ass anescht an huet seng ganz eege Geschicht. Esou zum Beispill eng Housse fir de Laptop mam Gesiicht vun der chineesescher Affekotin an Aktivistin Chow Hang-Tung, déi am Ganzen iwwer 1.000 Deeg a China am Prisong souz. Dat, well si an de soziale Medien dozou opgeruff hat, Käerzen unzemaache fir den Demonstranten ze gedenken, déi 1989 beim Massaker op der Tiananmen-Plaz zu Peking ëm d’Liewe komm sinn, erzielt d’Denisa vun der Beschäftegungsinitiativ.
"À notre façon, on participe aussi aux droits des hommes qui sont enfermés. Parce que malheureusement, il y a beaucoup de misère partout au monde et nous ici, on est bien au Luxembourg. Des fois on oublie comment c’est. Partout il y a des gens qui n’ont pas droit à la justice. Juste parce qu’ils ont une opinion différente des autres, ils doivent être punis. Moi-même je viens d’un pays où il y a avait une guerre. Donc je sais comment c’est."
Een Häerzensprojet
Mat 27 Joer ass déi haut 50 Joer al Creatrice a Geschäftsfra aus Ex-Jugoslawien op Lëtzebuerg komm. Och d’Oxana, déi zënter zwou Wochen am Bitzatelier schafft, huet ee laange Wee hannert sech. Déi geléiert Bio- a Chimiesproff huet virun zwanzeg Joer hir Heemecht Russland verlooss a wärend eelef Joer a Portugal gelieft. Duerno war si a Frankräich an zënter véier Joer zu Lëtzebuerg.
"Notre vie est la guerre, autre chose, COVID, c’est ça. Mais ici, je commence à respirer. Je commence à vivre et avec ce travail, qui est très intéressant, et je suis très contente ici."
Ee Projet deemno fir de gudden Zweck a fir déi zwou Néieschen een Häerzensprojet.
D‘Kreatiounen aus de recycléierte Plakater vun Amnesty fannt Dir um Site vun der Mënscherechtsorganisatioun amnesty.lu