Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Korruptiounsindex: Lëtzebuerg op 9. Plaz vun am mannste korrupte Länner

Etude vun Transparency Internationl

Korruptiounsindex: Lëtzebuerg op 9. Plaz vun am mannste korrupte Länner

Am Welt-Korruptiounsindex vun Transparency International fir d‘Joer 2023 huet Lëtzebuerg ee Score vun 78 op 100 Punkten a kënnt domat op déi 9. Platz vun den am mannste korrupte Länner.

auto_stories

1 min

Domat huet Lëtzebuerg sech am Verglach mam Joer virdrun ëm eng Plaz verbessert. Am mannste korrupt war dësem Korruptiounsindex-Index no Dänemark. Et goufen am ganzen 180 Länner ënnersicht. Dat korruptstent Land op der Welt war Somalia.

D'Plattform Transparency International warnt iwwerdeems, datt Korruptioun sech uechter d'Welt verbreet. Vun den 180 Länner déi ënnersicht goufen, haten een Drëttel e Score vun manner wéi 50 Punkten op 100. De gros vun de Länner hätten am leschte Jorzéngt kee Progres gemaach.