Radioen

On air

Notturno  |  Echt! - Vault-A

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kontakter zu Civitas: ADR weist Responsabilitéit vu sech

ADR International

Kontakter zu Civitas: ADR weist Responsabilitéit vu sech

D’ADR probéiert all Responsabilitéit vu sech ze weise wéinst Kontakter vun der ADR International zu Civitas, enger klenger, rietsextremer an antisemittescher Partei a Frankräich. D’Vizepresidentin vun ADR International hat virun néng Méint den Alain Escada vu Civitas op eng Konferenz vum ADR-Ënnergrupp invitéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De rietsextreme Politiker souz do op der Konferenz, déi vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser moderéiert gouf, mat um Podiumspult. Dat hat RTL de Sonnde gemellt. Den ADR-President Fred Keup seet haut am 100,7-Interview, d’Anne-Marie Yim hätt als Privatpersoun den Alain Escada invitéiert, an net als Vizepresidentin vum ADR International.

Eng Fuerderung vu Civitas: jiddesch Fransouse sollten hier Staatsbiergerschaft entzu kréien. Op hiren Demonstratioune gi White Power-Zeeche gewisen.

D'ADR an Erklärungsnout​

D’ADR geréit lo an Erklärungsnout, well Civitas-Vertrieder am Januar op enger Konferenz vun der ADR International waren.

De Fernand Kartheiser, deen d’Konferenz moderéiert huet, gouf den 10. Juli vum Weibëschof Léon Wagener op Civitas opmierksam gemaach:

“Den Ausléiser: eben déi Konferenz vun ADR International wou dann op deem Podium jo dann och Leit souze vun Civitas.”

De Fred Keup seet, hien hätt Civitas bis zu de Medieberichter net kannt. An d’Anne-Marie Yim hätt den Alain Escada an hirem Numm invitéiert:

“Weder am Numm vun der ADR, dat scho guer net an och net vun ADR International. Wann se dat gemaach huet, dann ouni ee Mandat dofir gehat ze hunn. Bon, elo ass d’Madamm ausgetrueden an de Problem huet sech sou geléist. Wier si net ausgetrueden, hätte mir eis dat missen ukucken. Da wiere mir zur Konklusioun komm, datt dat net geet, dann hätte mir déi néideg Konsequenzen doraus gezunn."

A Suite vum Artikel vun RTL huet si d’ADR verlooss, seet d’ADR. D’Anne-Marie Yim wier net laang Member gewiescht. Hirt Haaptuleies wier d’Covid-Pandemie gewiescht, sou de Fred Keup. Een éischten Optrëtt mam Impfgéigner Christian Perrone hat si schonn am Januar 2022 an der Chamber. Si goufe vu Petitionnairen ageluede fir géint Covid-Impfungen ze schwätzen.

Problematesch Positioune ware bekannt

D’Anne-Marie Yim hat schonn am November d’lescht Joer noweislech Kontakt mat Civitas. Deemools huet si op engem Evenement vu Civitas eng Ried gehalen an sech op d’“Protokolle der Weisen von Zion” bezunn. Dat ass een antisemittescht Pamphlet, an deem eng jüddesch Weltverschwierung konstruéiert gëtt. Ee Wierk, op dat sech och d’NSDAP staark bezunn huet an hirer antisemittescher Propaganda.

Eng involvéiert Source sot eis, de Führungsgremie vun der ADR wieren déi problematesch Positioune vun der Anne-Marie Yim bekannt gewiescht. An dat wier och kritesch diskutéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow