Zejoert wiere méi wéi 1.300 Phishing Attacken offiziell registréiert ginn. Et wier dofir wichteg, d‘Leit ze sensibiliséieren iwwert verdächteg Messagen. Et sollt een nimools op onbekannte Linke klicken, wou ee gefrot gëtt, perséinlech Donnéeën an ze ginn.
Besonnesch an der Responsabilitéit wieren dobäi d‘Banken, déi géife jo ëmmer méi d‘Leit encouragéieren a sou guer zwéngen, hir Bank-Operatiounen Online ze maachen. Dofir misste besonnesch d‘Banken hir Cliente besser iwwer Online Bedruch informéieren, a besser Systemer en place setzen, fir d‘Clienten ze schützen, betount de Konsumenteschutz.