Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konsum, Cannabis & Co: Kanner a Jugendlech kompetent maachen

Webinar

Konsum, Cannabis & Co: Kanner a Jugendlech kompetent maachen

Reng theoreetesch solle Kanner a Jugendlech net mat Substanze wéi Cannabis, Alkohol, Nikotin oder aneren Drogen a Beréierung kommen. Si sollten och e gesond Konsumverhalen entwéckelen, wat de Gebrauch vu soziale Medien, Handy, Tablet oder och nach d’Spillen online ugeet. 

auto_stories

3 min

 

Lauschtert de ganze Webinarplay_arrow

An enger Gesellschaft, an där et fir jonk Leit relativ einfach ass, souwuel u verschidden Aarte vun Drogen ze kommen, wéi och un aner Konsumgidder, déi - wann exzessiv genotzt - kënne schueden, ass et wichteg Kanner a Jugendlech soulaang wéi méiglech vu substanzgebonnenem an net-substanzgebonnenem Konsum ewechzehalen. Net just well de gesetzleche Kader et deels virschreift, mee villméi well et drëm geet, soulaang wéi méiglech kënnen eng konsumkompetent Entwécklung bei Kanner a Jugendlechen ze fërderen.


- Vu wéini un ass Konsumverhalen e Problem? Ass et ëmmer en Drama, wa Jonker sech en Nomëtteg hanner dem Tablet verschanzen? Muss ech e Schüler oder eng Schülerin, deen oder déi eemol beim Kiffen erwëscht gouf, signaléieren? 
- Wéi ginn ech als Schoulmeeschter oder Joffer, respektiv Professer oder Professesch domat ëm, wa mir opfält, datt bei engem Schüler oder enger Schülerin vläicht e Problem vu Konsum virläit?
- Wat ass da lo erlaabt, wat toleréiert a wat carrement verbueden? Ass Konsum vu Medien, Spiller, den Handy an der Täsch op 5ième e Problem? 
- Wie kann ech froen, wann ech Zweiwel hunn? 
- Et gi vill verschidde Forme vun Ofhängegkeeten, déi eng sinn un eng Substanz gebonnen, déi aner un e Verhalen, alleguer huele se dem Jonken en Deel vu senger Fräiheet.
- Wéi kann ee verhënneren, datt Fëmmen oder exzessiivt Zocken dem jonke Mënsch Zukunftsperspektive verbauen? 
- Wat ass meng Flicht an der Schoul, wat soll ech wëssen, wéi hëllefen ech am beschten?
- Wat huet sech an de leschte Jore verännert an der Virgoensweis vun der Preventioun, vun der Prise en Charge, a vum Gesamtbild vu problemateschem Konsum bei Kanner a Jugendlechen?


Et diskutéieren:
° Debora Plein, Dr. rer. nat., Service national de la Jeunesse, Coordinatrice der Initiativ BEE SECURE
° Andreas König, Dr., Psycholog, Chargé de direction vum Zenter fir exzessiivt Verhalen, ZEV
° Daniela Dario, Attachée an der Direction générale du secteur de la jeunesse 
° Bob Zeimet, Suchttherapeut a Preventiounsagent beim Service Impuls vu Solidarité Jeunes
Moderatioun: Natasha Ehrmann


Jiddweree ka seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44.