D'SPD, déi den Ament de Ministerpresident Olaf Lies stellt, kënnt op 24,5 Prozent a verléiert domat 5,5 Prozentpunkten.
Och déi Gréng hunn 2,3 Prozentpunkte verluer a kommen nëmmen nach op 13,6 Prozent.
Déi an Deeler geséchert rietsextreem AfD dogéint konnt kloer zouleeë mat 11,9 Prozentpunkte méi wéi 2021 a kënnt elo op 16,5 Prozent. Och déi lénk Partei huet däitlech Gewënn gemaach a kënnt elo op bal 6 Prozent.
Protester géint Rietsextreem
Parallel sinn an Däitschland Dausende Mënschen op d'Strooss gaange fir géint Rietsextreemismus ze demonstréieren.
Ënner dem Motto "Kein Schritt zurück!" si beispillsweis eng 20.000 Mënschen zu Düsseldorf op de Stroosse marschéiert. Zu Hamburg waren et eng 25.000 Leit ënner dem Motto "Zeit zum Handeln - Freiheit muss verteidigt werden".