arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kommerziell Flich mat just engem Pilot kéinten ab 2027 méiglech sinn

Kritik vum LCGB

|
reading time

1 min

Kommerziell Flich mat just engem Pilot kéinten ab 2027 méiglech sinn

Hannergrond ass een entspriechende Projet vun der EU-Fluchsécherheets-Agence, deen och hei am Land soll ëmgesat ginn. Esou eng Moossnam géif net ouni Impakt op d‘Sécherheet vum Equipage a vun de Passagéier bleiwen, virun allem am Hibléck op d‘Middegkeet vun de Piloten.

reading time

1 min

D‘Fluchsécherheet wier kee Spill an d‘EU grad wéi déi national Fluch-Sécherheets-Autoritéite missten déi néideg Moossnamen ergräifen, fir ze garantéieren, datt d‘Fluchgesellschaften efficace Systemer en place setze fir Middegkeet ze mellen. A fir d‘Risiken, déi domat verbonne sinn, richteg ze geréieren, sou heescht et an engem Schreiwes vun der Gewerkschaft.