Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koalitiounsverhandlungen: "Zeréck op de séchere Wee?"

Fräie Mikro

Koalitiounsverhandlungen: "Zeréck op de séchere Wee?"

De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, mécht sech seng Gedanken iwwert d'Resultat vun de Chamberwale vum 8. Oktober. Wat seet et aus iwwer d’Geeschteshaltung an d’Zukunftsängschte vun de Lëtzebuerger Wieler?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D’CSV mat engem Prozentpunkt méi an ouni zousätzleche Sëtz Walgewënner? De Begrëff schéngt mir liicht iwwerdriwwen, wann ech mir d’Resultat vun där Partei bei de leschte Walen ukucken. Si kënne just mat an d’Regierung goen, well déi gréng massiv verluer hunn an doduerch aner Koalitiounen néideg a méiglech gi sinn.

De Wieler wollt Schluss maache mam "gréngen Experiment"   

Mee dat Walresultat wërft a mengen Ae méi déifgräifend Froen op, déi ech op dëser Plaz schonn no de Gemengewale gestallt hat. Et gesäit ganz dono aus, wéi wann d’Wieler zu Lëtzebuerg - an dat si bekanntlech nëmmen 38 Prozent  vun den Awunner, also kee representative Queerschnëtt vun der Gesellschaft -  bewosst wollte Schluss maache mat deem Experiment, dat se 2013 agelaut an 2018 gestäerkt haten. Vun Experimenter mat enger grénger Partei, déi fir d’Äerd ze retten eis Liewensweis a Fro stellt, wëll een näischt méi wëssen.

Moralesch Récksiichten op d’Liewenschancë vun den nächste Generatioune gi keng méi geholl, oder héchstens nach - wéi de neie Luc dat formuléiert - “räsonabeler”. Wat vu Säite vun der aktueller Regierung net räsonabel war, hunn ech zwar ni erausfonnt. Well bei der Sich no de Verbueter, déi déi gréng “Verbotspartei” soll duerchgesat hunn, hunn ech just eng fonnt: d’Fuussejuegd a vu Säite vum sozialistesche Landwirtschaftsminister den Asaz vum chemesche Gëft Glyphosat.

D'Dreeme vun enger vergaangener Welt

D’Walresultat bedeit also éischter an Zäite vu weltwäite Krisen d’Zeréckkomme bei eng konservativ Gesellschaftspolitik an eng neoliberal Wirtschaftspolitik, wéi se zu Lëtzebuerg ee Joerhonnert laang üblech waren. Den Historiker stellt an deem Sënn éischter d’Fro, wisou déi gréng 2018 sou staark bäigewonnen haten.

Wann ee weess, datt déi 286.000 Wieler all Lëtzebuerger sinn, datt se bal all hir eege Wunneng hunn, zu groussen Deeler Staatsbeamte sinn oder mat engem Beamte bestuet sinn oder een als Papp oder Mamm hunn, datt se altersméisseg éischter méi no beim Drëtten Alter wéi bei der Jugend sinn, da versteet een, datt se léiwer de séchere Wee gewielt hunn, wéi eng Partei, déi seriö eppes géint de Klimawandel wëll ënnerhuelen oder eng déi staatlech Wunnenge wëllt baue loossen oder déi d’Aarbechtszäit wëll verkierzen. D’Wieler dreeme vun enger Welt, déi laanscht ass, an hoffen, CSV an DP géife se hinnen erëmbréngen.

Ech fäerten, si ginn enttäuscht, well ech gesi kommen, datt d’Klimaentwécklung déi nei Regierung wäert zwéngen, genee déi Verbueter ëmzesetzen, déi deene Gréngen ënnerstallt goufen. A mat enger staarker Majoritéit an der Chamber wäert dat och sécher méi einfach sinn, wéi mat enger Regierung, déi just 31 Deputéiert op hirer Säit hat. A well Lëtzebuerg jo ausser a Steierfroen ëmmer fir europäesch Eenheetsléisungen ass, wäerte se déi europäesch Direktiven a Saache Klima a Biodiversitéit jo wuel ouni ze zécken och zu Lëtzebuerg ëmsetzen. 

Lauschterenplay_arrow