Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Koalitiounsverhandlungen: Staatsfinanzen haut am Mëttelpunkt

Regierungsbildung

Koalitiounsverhandlungen: Staatsfinanzen haut am Mëttelpunkt

Bei de Koalitiounsverhandlungen am Schlass zu Senneng geet et haut ëm d’Staatsfinanzen. Nieft de Cheffe vun enger Rei staatleche Verwaltungen, wëllen de Formateur an d’Delegatioune vun CSV an DP an den nächsten Deeg och Vertrieder vu Caritas a Roudem Kräiz empfänken, vum Nohaltegkeetsrot a vum Mouvement Ecologique, grad wéi vum Patronat an de Gewerkschaften.

auto_stories

1 min

Sennenger Schlass | © Serge Kesseler
Sennenger Schlass (Foto: Serge Kesseler)

Dat gouf gëschter no der éischter Ronn vun de Verhandlungen ugekënnegt. Weider Sitzunge sinn muer an ee Méindeg.

D‘Verhandlunge gëschter wier ganz konstruktiv, seriö an zügeg gewiescht, sot de Formateur Luc Frieden. Een Datum, wéini se sollen ofgeschloss sinn, wollt hie net nennen. Virun der Allerhellegevakanz sollen zéng thematesch Aarbechtsgruppen hir Rapporten awer scho fäerdeg hunn.