Mir kucken also zréck op déi éischt Deeg vun de Koalitiounsverhandlungen: Dobäi gouf bis elo wuel nach net vill richteg verhandelt?
Dat ass richteg. D’Vertrieder vun de béiden zukünftege Regierungs-Parteien, hu virun allem nogelauschtert, wéi an de leschten Deeg ëmmer erëm betount gouf. Dem Formateur Luc Frieden no, hätt ee vill zousätzlech Informatioune kritt, a Fakten, déi elo solle verschafft an diskutéiert ginn.
Wien hunn de Luc Frieden (CSV) an d’Delegatioune vun CSV an DP dann alles zu Senneng empfaangen?
Dat waren op dräi Deeg verdeelt, Vertrieder vum Mouvement Ecologique a vum Nohaltegkeetsrot, vun de grousse Gewerkschaften an dem Patronat, mee och vun der Caritas an dem Rout Kräiz. Do virdru waren et Vertrieder vum Finanzministère, a vu staatleche Verwaltungen.
D’Themen dobäi waren ënner anerem d’Staatsfinanzen, d’Aarmut, de Logement an de Klimaschutz.
D’Koalitiounsgespréicher haten de leschte Mëttwoch ugefaangen, mat enger Reunioun am grousse Krees.
De Regierungsformateur an déi all Kéier eelef Vertrieder vun CSV an DP souzen zesummen. D’Cheffe vun de béiden Delegatioune sinn de Claude Wiseler an de Xavier Bettel: dee Xavier Bettel, deen 2013 an 2018 selwer Formateur war, dat heescht vum Grand-Duc den Optrag kritt hat, eng nei Regierung zesummen ze stellen.
Dës Kéier huet de Luc Frieden dës Aufgab, an hien huet ee Mëttwoch, no der éischter grousser Sitzung gesot.
"Ech hu festgestallt, datt an all deene groussen Zukunfts-Sujeten, déi zwou Parteien déi nämmlecht Ziler verfollegen. An dofir mengen ech, datt een an deenen Detailer natierlech muss diskutéieren. Mee ech gesinn an dësem Stadium kee Sujet, wou dat oniwwerbréckbar Diskussioune kéinte ginn.”
Iwwert d’Perspektive vum Wirtschaftswuesstem fir déi nächst fënnef Joer huet ënner anerem de STATEC-Direkter d’Delegatiounen zu Senneng een Donneschdeg an d’Bild gesat.
De Serge Allegrezza huet duerno am 100,7-Interview dorun erënnert, datt de STATEC mat senge rezente Publikatioune scho gewisen hätt, datt d’Wirtschaft zënter Enn 2022 am Fong geholl schrumpft.
“Dat hunn ech awer de Koalitionäre soen. Dat heescht wann een dat elo weider schreift, da kéint et sinn, dass mer amplaz déi 1,5 Prozent Croissance fir dëst Joer en volume, et éischter kéint sinn, dass mer stagnéieren, voir schlëmmer a Rezessioun sinn. Dat kënne mer net ausschléissen.”
De leschte Freideg, huet de Formateur Luc Frieden déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun vum Land dunn esou beschriwwen.
"Do ass et esou, datt d’Situatioun ganz schwiereg ass. Et ass eng makro-ekonomesch Situatioun, déi net gutt ass."
Dat kann een also esou verstoen, wéi wann de Luc Frieden d’Land op eventuell manner Spillraum fir politesch Entscheedungen astëmmt. An dat zum Beispill am Beräich vun der Steierpolitik.
Am Walkampf hat dat nach ganz anescht geklongen. Do hat d’CSV de Leit méi Kafkraaft versprach. Hei eng Ausso vum Spëtzekandidat Luc Frieden, bei der Presentatioun vun den CSV-Prioritéite viru knapp véier Méint.
"D’Kafkraaft ass eis éischt Prioritéit. Wat heescht dat? Mee dat heescht, datt mer méi Netto vum Brutto wëllen hu fir d’Leit, dat heescht datt d’Steiere fir all d’Leit mussen erof goen."
Esou huet een dat bei de Koalitiounsverhandlungen an de leschten Deeg net méi héieren. De Luc Frieden huet no de Gespréicher mat de Sozialpartner vun engem “komplizéierten Ëmfeld” geschwat, an de Formateur huet gesot, datt d’Situatioun am Bau-Secteur zum Beispill eng “grouss Erausfuerderung” fir déi nei Regierung wier.
Wéi geet et dann elo bei de Koalitiounsverhandlunge weider?
Schonn zanter dem Weekend sinn d’Aarbechtsgruppen aktiv. Eng dovu beschäftegt sech mam Logement an eng aner mat den ëffentleche Finanzen a mat de Steieren.
Déi am ganzen 12 Gruppen hunn d’Aufgab, d’Walprogrammer vun CSV an DP an deene verschiddene Politik-Beräicher zesummen ze leeën, huet de Formateur erkläert. Dobäi geet et och dorëm, eventuell Divergenze fest ze stellen. Déi grouss Decisioune sollen dann an de Plenarsitzungen zu Senneng falen.
Wat soss ass iwwer d’Aarbechtsgruppe gewosst, a wat ass nach net gewosst?
Net bekannt ass, wien alles an dëse Gruppe sëtzt. Ugangs hat et op eis Nofro hi geheescht, d’Besetzung soll och geheim bleiwen. Gëschter huet de Luc Frieden awer an Aussiicht gestallt, datt d’Zesummesetzung dëse Freideg soll verëffentlecht ginn.
Gewosst ass, datt d’Leit, déi an de Gruppe sinn, Membere vun CSV an DP sinn, oder dëse Parteien nostinn.
Gewosst ass och, datt d’Aarbechtsgruppen all Kéier vun engem CSV- an engem DP-Vertrieder presidéiert ginn.
Bis dëse Freideg sollen d’Gruppen Tëscherapporten ofliwweren, an hir komplett Berichter bis den iwwernächste Freideg, also bis den Ufank vun der Allerhellegevakanz.