Dono hunn och d’Vertrieder vum Roude Kräiz a der Caritas Rendezvous. Bei där Entrevue wäert et virun allem ëm de Kampf géint d’Aarmut goen.
Gëschter war ënner anerem de Generaldirekter vum Statec invitéiert: Et kéint sinn, datt d’Wirtschaft dëst Joer net ëm 1,5 Prozent wiisst, mee dass Ekonomie stagnéiert, oder esou guer schrumpft: Dat dem Serge Allegrezza säi Message. Eng Rezessioun kéint een net ausschléissen. Wann awer keng “gréisser Katastroph” geschitt, da kéint et Enn vum nächste Joer eng Reprise ginn.