An deenen externe Gespréicher hätt ee virun allem vill nogelauschtert an et hätt ee Mol méi, Mol manner nei Fakten duer geluecht kritt, esou de Regierungsformateur Luc Frieden, a mat deene Fakte misst ee sech elo ausernee setzen.
Dat géif dann elo an Aarbechtsgruppe stattfannen, an d’Zil wier et, bis d’Allerhellege Vakanz d’Aarbecht an de Gruppe kennen ofzeschléissen, esou de Regierungsformateur Luc Frieden.
"Ech well soen, datt déi Gruppen net zur Aufgab hunn, nei Walprogrammer ze schreiwen. Déi Gruppen hunn zur Aufgab de Walprogramm vun der DP an de Walprogramm vun der CSV zesummen ze leeën."
Blanche Weber weist sech positiv
Den Nohaltegkeetsrot an de Mouvement écologique ware gëschter Mëtten op Senneng an d’Schlass invitéiert ginn, fir iwwer d’Erausfuerderungen an der Klima- an Ëmweltpolitik ze schwätzen. Déi potentiell Koalitiounspartner DP an CSV wiere sech eens, datt een an enger Klima- a Biodiversitéitskris wier, esou de Luc Frieden.
"Datt mir awer och konfrontéiert si mat anere Sujeten, wéi d’Noutwendegkeet, datt d’Betriber sech kennen ausbauen, datt d’Landwirtschaft muss kënne fonctionéieren, datt mir musse Logement bauen."
Souwuel d’Vertrieder vum Nohaltegkeetsrot, wéi och d’Vertrieder vum Mouvement écologique hate sech nom Gespréich mat de Verhandlungsdelegatioune positiv gewisen, et hätt ee vill kritesch an detailléiert Froe gestallt kritt, esou d’Blanche Weber, et hätt een och kloer gemaach, datt d’Klimaziler missten agehale ginn.
"Mir hu wierklech drop nach eng Kéier gedrängt, datt mir déi Ziler op kee Fall dierfen a Fro stellen, well mir mengen, datt et hautdesdaags vermeintlech méi dringend Froestellunge géif ginn."
![© SIP / Jean-Christophe Verhaegen © SIP / Jean-Christophe Verhaegen](/1_Foto/100komma7.lu/105346/image-thumb__105346__base_thumbnail/Blanche%20Weber_2.3f3dd795.jpg)
Iert ee gëschter mam Mouvement écologique a mam Nohaltegkeetsrot geschwat huet, haten d’Verhandlungsdelegatiounen CSV an DP an de Formateur Luc Frieden mat de Sozialpartner geschwat. Esouwuel d’Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP, wéi och d’Patronatsverbänn hunn hir Fuerderunge presentéiert.