Zu Senneng gëtt dës ganz Woch - mat Ausnam vun en Donneschdeg - intensiv iwwer d’Rapporte vun den 12 Aarbechtsgruppen an der Plenière diskutéiert. Et sinn dëst d’Resultater vun den Analyse vu béid Walprogrammer an de Kompromëssvirschléi, déi d’Aarbechtsgruppen ausgeschafft hunn. Gréisser Divergenze gesäit de Luc Frieden net, méi Diskussioune géifen et awer ginn an de Beräicher Besteierung an a gesellschaftspolitesche Froen.
A punkto Ressorten a Ministèren hätt de Luc Frieden sech schonn driwwer Gedanke gemaach. Et kéimen der net méi ewéi bannent de leschten zéng Joer. Och do huet hien op déi nächste Woch verwisen.
Ee Mëttwoch huet de Formateur eng Entrevue mam Grand-Duc Henri fir de Point ze maachen iwwer d’Verhandlungen. En Donneschdeg hëlt den Nach-Premier Xavier Bettel un der Internationaler Konferenz Deel, déi am Kader vum Forum de paris sur la paix ëm d’Situatioun am Noen Osten organiséiert gëtt.