De vun den zwou Parteien ausgehandelte Koalitiounsaccord gesäit eng Rei steierlech Erliichterunge vir. Ënnert anerem soll d’Steiertabell ëm ganz véier Indextranchen ugepasst ginn, an dat vum 1. Januar 2024 un.
Eng nei Ëmweltpolitik
Ëmwelt- a Klimaschutzmesurë sollen net méi einfach diktéiert ginn, an aner Projeten an Zukunft net méi blockéiert ginn. Dat huet de Luc Frieden ugekënnegt a vun engem geplangte Paradigmewiessel geschwat. Déi nei Regierung géif gären d’Prinzippie vun der Proportionalitéit an der Effikassitéit an hir Ëmweltpolitik integréieren, huet den zukünftege Premier betount.
De Gesondheetssecteur entlaaschten
Den aktuelle Gesondheetssystem wier ze vill op d’Klinicke konzentréiert, erkläert de Luc Frieden. Dëse System kéim u seng Grenzen a soll ënnert der schwaarz-bloer Regierung entlaascht ginn.
“Mir brauchen zolidd Spideeler, mee virun allem fir déi grave Interventiounen, déi grouss Krankheeten. A mir wëllen déi ambulant Behandlung verstäerken.”
D’Dokteren ausserhalb vun de Klinicke solle mat dem néidege Material ausgerëscht ginn. Esou sollen si méi Flexibilitéit a Fräiheet kréien, huet de Formateur annoncéiert.
D’Gemengepolice gëtt ëmgesat
D’Police soll an Zukunft déi néideg Leit kréie fir ze funktionéieren. Och mat dem néidegen Ekipement an neie Gesetzer soll d’Police Grand-Ducale versuergt ginn, heescht et an enger weiderer Ukënnegung. An dësem Kader soll d’Gemengepolice agefouert ginn, déi CSV an DP versprach haten.
“Gemengepolice entre guillemets, well mir haten et ëmmer gesot, déi zwou Parteien, dat ass eng Police innerhalb vun der Police grand-ducale.”
D’Gemengepolice géif ënnert dem Déngscht vun de “lokalen Autoritéiten”, wéi engem Buergermeeschter, stoen.
De Koalitiounsaccord hätt generell als Zil, d’Land fir d’Zukunft ze stäerken. Dat géif sech souwuel op d’Leit, ewéi och op d’Wirtschaft, d’Ëmwelt an d’Klima bezéien, betount den CSV-Politiker.