Changementer wéi eng Flexibiliséierung vun der Organisatioun vun der Aarbechtszäit an de Betriber oder der Extensioun vun der Sonndesaarbecht hätten dramatesch Repercussioune fir d‘Salariéen, warne béid Gewerkschaften an engem Communiqué no enger gemeinsamer Reunioun.
D‘Evolutioun vun der konservativ-liberaler Approche vun der CSV-DP-Regierung géif ee vu ganz noem suivéieren. Si betounen och, datt déi fortschrëttlech Kräften an der Gesellschaft sech missten zesummendinn, fir déi sozial Errongenschaften ze verdeedegen.