Radioen

On air

Notturno  |  Kings Of Convenience - Misread

play_arrow Live
search

/ Analys: Wéi positionnéieren d‘Parteie sech zum Klimaschutz?

Nationalwalen

Analys: Wéi positionnéieren d‘Parteie sech zum Klimaschutz?

De Klimaschutz huet am Walkampf bis elo nach keng grouss Roll gespillt, mee natierlech hunn d’Parteie sech all an hire Walprogrammer dozou geäussert. D'Pia Oppel aus der 100,7-Noriichteredaktioun huet déi verschidde Positiounen analyséiert.

auto_stories

7 min

Klimaschutz | © Bigstock
Klimaschutz (Foto: Bigstock)

Datt de Klimawandel eng Gefor ass an elo séier misst eppes dogéint ënnerholl ginn, dat stoung 2013 am Walprogramm vun der ADR.

Dat ass iwwerraschend, well sou Téin ass ee vun der ADR haut net méi gewinnt. Am Géigendeel, mëttlerweil ass d’ADR méi bekannt fir Aussoen, ewéi déi, datt den Tanktourismus eppes Fantastesches ass. An d’Manéier wéi den Toun changéiert huet, seet eppes iwwert d’Plaz vun der Klimapolitik an dësem Walkampf aus.

Gleeft d'ADR un de Klimawandel?

Kloer klimaskeptesch trëtt d’ADR net op. Dat maachen och aner rietspopulistesch oder rietsextrem Parteien am Ausland net. D’Strategie ass mëttlerweil eng aner. Dës Parteie soen, si géife sech fir d’Fräiheet vun de Leit asetzen, fir hire Liewensstil net mussen ze änneren. Et gëllt also elo eis Konsumgewunnechte géint d’Ideologie vun deenen do uewen ze verdeedegen. Sou begrënnt d’ADR dann zum Beispill, datt si géint de Verbuet vum Verbrennungsmotor ass.

Op de soziale Medie mécht d’ADR sech dann och ee Spaass doraus d’Rumeur ze verbreeden, déi gréng wéilte Gas- a Mazout-Heizunge verbidden.

Dat entsprécht net der Wouerecht

Also am grénge Walprogramm steet näischt esou. An et ass och eng falsch Duerstellung vun deem, wat am neie Klima- an Energieplang vun der Regierung steet.

Do heescht et, datt wann dat néideg wier fir d’Klimaziler ze erreechen, méi contraignant Moossnamen envisagéiert ginn. An zwar, ass an deem Zenario dat hei virgesinn: Wann eng Heizung futti ass, sollt déi nei op d‘mannst zu 70 % mat erneierbaren Energië funktionéieren. Eng Technologie gëtt net virgeschriwwen. An egal wéi, kritt kee seng intakt Gas- a Mazout-Heizung verbueden.

D’ADR mécht also mat Hallef-Wourechte Stëmmung. Ouni d’Fro ze beäntwerten, ob a wéi si d’Klima da rette wëll.

Ginn et aner Parteien hei am Land, déi sou virginn?

Um rietse Bord definitiv: Liberté-Fräiheet an déi Konservativ schwätze vu Klima-Terror an Öko-Marxismus, géint deen et gëllt sech ze wieren.

Bemierkenswäert ass awer, wéi sech deen Discours vum Klimaschutz als Menace fir eis Fräiheete méi allgemeng an den Debat ageschlach huet.

Déi allermeeschte Parteie leeën äussert vill Wäert drop ze betounen, datt si d’Leit wëlle mathuelen. Also mat Subside lackelen, mee méiglechst keng Virschrëfte maachen. Der Urgence vum Problem an de wëssenschaftlechen Erkenntnisser gëtt d’Debatt domadder net méi gerecht.

Ech denke Mol, datt populistesch Parteien an der Klimafro esou e grousst Potenzial gesinn, ebe well et Widderstänn a Veronsécherunge bei de Leit ginn.

Mee wann een zum Beispill ee rezenten Eurobarometer-Sondage kuckt: do fannen iwwer 90 % vun deenen, déi hei am Land befrot goufen, Klimaschutz wier wichteg, an d’Leit sollten encouragéiert ginn hir Haiser energeetesch ze sanéieren oder op Elektromobilitéit ëmzeklammen.

Dozou passen och d’Conclusioune vum Klima-Biergerrot, deen zejoert eng 100 Leit regroupéiert huet fir Proposen zum Klimaschutz auszeschaffen.

Wéi vill vun de Propose vum Klima-Biergerrot gouf an der DP hirem Walprogramm iwwerholl?

Net sou vill, den DP-Premier a Spëtzekandidat Xavier Bettel hat dee Klima-Biergerrot zwar an d’Liewe geruff.

Ee markant Beispill: De Klima-Biergerrot proposéiert als zentral Mesure eng staark Hausse vun der CO2-Steier op Minimum 200 Euro pro Tonn. Amplaz vun den aktuell 30 Euro, déi wéineg Lenkungseffekt hunn. D’Logik wier also net just mat Subsiden ze lackelen, mee och vill méi däitlech mat méi héije Steieren a Richtung Klimaschutz ze drécken.

Am DP-Programm steet näischt doriwwer, wéi d’CO2-Steier an Zukunft soll klammen. Déi Liberal präziséiere just, datt déi Steier fir akommesschwaach Menagë weiderhin duerch ee Steierkredit soll kompenséiert ginn, sou wéi dat elo schonn de Fall ass.

De Xavier Bettel als Klima-Premier?

Ech mengen, datt et do schonn eng Entwécklung beim Xavier Bettel gouf. Un där ass säi Chef de Cabinet Jeff Feller wuel net ganz onschëlleg, fir deen ass de Klimaschutz eng Prioritéit.

Just éier de Jeff Feller virun zwee Joer am Staatsministère ugefaangen huet, sot de Premier nach an engem Pressebriefing, Lëtzebuerg wier jo klimapolitesch souwisou just ee Räiskär am internationale Verglach. Also: alles net sou wichteg, wat mir hei maachen, oder net maachen. Dat géif hien haut wuel net méi soen.

Déi gréng schloen Alarm

Déi gréng hunn d’lescht Woch Alarm geschloen, ouni si géif eng nächst Koalitioun eng Anti-Klima-Regierung ginn. Et wierkt, wéi wann déi gréng an der Klimafro wéilten aus der Defensiv eraus kommen, an där se an dësem Superwaljoer vun Ufank u war.

Stellt sech natierlech d’Fro, wéi vill méi Klimaschutz eng gréng Regierungsbedeelegung da wierklech bedeit.

De grénge Walprogramm geet sécher méi an den Detail ewéi dee vun anere potentielle Regierungsparteien: zum Beispill gëtt proposéiert d’Energie-Transitioun per Gesetz ze acceleréieren, fir esou laanscht déi vill prozedural a kommunal Hürden ze kommen, déi et ginn. Do mierkt een, datt déi gréng d’Riedercher genau kennen, un deene misst gedréint gi fir virun ze kommen.

Datt esou ee Gesetz no 10 Joer grénger Regierungsbedeelegung nach net existéiert schéngt eng berechtegt Kritik ze sinn. An där Punkte ginn et nach: Lëtzebuerg ass nach ëmmer net aus dem Tanktourismus eraus geklommen. Déi gréng hunn zejoert och den Tankrabatt mat gedroen, zum Beispill.

D’Sam Tanson sot gëschter hei am 100,7-Interview Lëtzebuerg wier um Wee fir d’Klimaziler ze erreechen: dat stëmmt awer net ganz, well d’Ziler bei der energeetescher Sanéierung vun de Gebaier oder an der Industrie eben net wäerten agehale ginn.

A bis elo existéiere vill Klimaschutz-Mesurë vun der Regierung just als Projet um Pabeier. Dee wëssenschaftlechen Observatoire, deen d’Klimapolitik hei am Land analyséiert, huet gréisser Zweiwel, datt Lëtzebuerg mat sengem aktuelle Klimaplang wierklech mat Zäiten déi néideg Changementer hikritt. 

Wéi vill Klimaschutz géif dann eng CSV ëmsetzen?

D‘CSV kritiséieren elo am Walkampf ëmmer nees, datt déi blo-rout-gréng Regierung net genuch fir d’Erneierbar Energië gemaach huet.

A wéi jidderee weess, ass d’Kritik zwar justifiéiert datt Lëtzebuerg nach ëmmer ze wéineg erneierbar Energie produzéiert. Mee wann déi Kritik vun der CSV kënnt ass dat wéineg credibel. Virun 2013 ass nämlech kaum eppes geschitt fir déi Erneierbar auszebauen.

Wéi den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden fir d’lescht mat an d’Wale war, dat war 2013, an do huet d’CSV d’Klimapolitik a siwen Abschnitter ganz zum Schluss vum Walprogramm kuerz a knapp ugeschnidden. Elo ass de Klimaschutz bësse méi no vir geréckelt, an de Programm méi ausféierlech. Mee awer net onbedéngt méi konkret.

Déi üblech Mesure gi genannt: méi einfach Prozedure fir Wandkraaft a Solarenergie, energeetesch Sanéierung an Ëmrëschtung op klimafrëndlech Heiz-Systemer, a sou weider. An natierlech betount d’CSV, datt dat mat Ureizer an net mam Briecheise soll geschéien, fir beim Refrain vun dësem Walkampf ze bleiwen.

Dozou passt, datt d’CSV op kee Fall an d’Gemengenautonomie wëll agräifen: zum Beispill sollen d’Gemengen sou wuessen, wéi si dat fir richteg halen. Fir klimaneutral ze ginn, misst Lëtzebuerg awer an den nächste Joerzéngten ophalen nei Flächen ze versigelen, seet d’Wëssenschaft: Bëscher an Ekosystemer gi gebraucht fir CO2 aus der Atmosphär opzehuelen.

A wéi positionéiert sech d’LSAP?

De Walprogramm vermëttelt net den Androck, datt Klimaschutz eng grouss Prioritéit fir d’Sozialisten ass.

D’Klimapolitik kënnt haaptsächlech an engem klengen Ënnerkapitel iwwer Ëmweltschutz zur Sprooch, direkt nom Kapitel iwwer den Tourismus. Et fënnt een do éischter allgemeng Aussoen, ewéi datt de Stroossentransport soll reduzéiert ginn, oder datt Photovoltaik op ëffentleche Gebaier soll installéiert ginn.

D’Sozialiste sprangen och op den Zuch vun de Verbuetsgéigner, a soen si wiere géint “Verbuets-Naturschutz”. Also ze streng Oploe fir Biodiversitéit ze schützen, sinn net erwënscht.

D’LSAP wëll par konter Privatjets verbidden – soulaang een déi eege Wielerinnen a Wieler net trëfft ass Verbuetspolitik also awer ganz OK.

Wou kann een déi kleng Parteie situéieren?

Fokus, Volt, KPL, Piraten an déi Lénk: si schwätzen sech an hire Programmer all däitlech fir eng ambitiéis Klimapolitik, wann och mat ënnerschiddlech detailléierten, koherenten oder och realistesche Proposen. Alleguer gesinn am Klimaschutz de Potential fir gesellschaftleche Fortschrëtt. D’Approche ass awer sécher net iwwerall déi selwecht: déi Lénk fuerderen zum Beispill ee méi verbindlecht Klima-Gesetz, wärend d’Piraten op de soziale Medie betounen, si wéilte just belounen an net bestrofen.

Fokus a Volt setzen iwwerdeems ganz op de Glawen an den technologesche Fortschrëtt, fir politesch Ausenanersetzungen ze iwwerkommen. Dat ass net ëmmer ganz selbstlos: de Fokus-Spëtzekandidat Frank Engel schafft als Beroder vun enger europäescher Waasserstoff-Lobby-Federatioun.