Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Charli xcx - Apple

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Klimaaccord zu Baku fir vill Expertinnen an Experten enttäuschend

Weltklimakonferenz

Klimaaccord zu Baku fir vill Expertinnen an Experten enttäuschend

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes begréisst de Klimaaccord vu Baku. Op der Klimakonferenz gouf a leschter Minutt awer nach eng Eenegung fonnt fir de Globale Süden finanziell ze entschiedegen. 

auto_stories

1 min

Si solle vun den Industriestaaten all Joer 300 Milliarden Dollar kréien, fir sech un de Klimawandel unzepassen. Den Accord gouf vu villen als enttäuschend ugesinn. Verschidden UNO Experten an Expertinne soen, de Globale Süde bräicht 1.000 Milliarden, also dräimol méi. 

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes huet e Sonndeg an engem Communiqué geschriwwen, déi 300 Milliarde wieren eng substantiell Augmentatioun par Rapport zu 2022. Et wier den Ufank vun enger neier Era vun der internationaler Klimafinanzéierung.

De COP29-Accord gëtt och kritiséiert, well an der Schlussdeklaratioun net méi explizitt vun enger "Transitioun" vu fossillen op erneierbar Energië rieds geet. Dat huet och de Lëtzebuerger Ëmweltminister bedauert.